
Op der N17B gouf de Sonndegowend eng Persoun schwéier blesséiert. Eng Automobilistin koum aus der Richtung Furen, wou si kuerz viru Bettel an enger Kéier d'Kontroll iwwert hiren Auto verluer huet a mat der Chaufferssäit widder ee Bam geknuppt ass.
D'Bäifuererin konnt nach aus eegener Kraaft aus dem Auto klammen, mee d'Automobilistin gouf am Won ageklemmt. Si krut op der Plaz éischt Hëllef an huet duerno missten an d'Klinick ageliwwert ginn. Nieft dem Ettelbrécker Samu, waren och d'Pompjeeë vun Tandel an Dikrech am Asaz, grad ewéi d'Ambulanze vun Dikrech en Ettelbréck.
De Sonndeg sinn tëscht 19 an 23 Auer ausserdeem nach eng Rei Verkéierskontrolle gemaach ginn. Véier Automobilisten hu misste wéinst Alkohol um Steier aus dem Verkéier gezu ginn. Déi alkoholiséiert Chauffeure goufen zu Hamm, Schleef, Miersch a Bilschdref gepëtzt. Dräi vun hinnen hunn iwwerdeems och missten hire Fürerschäin ofginn.
Um Méindeg kuerz no 2 Auer huet zu Fréiseng an der Robert Schuman Strooss eng Camionnette gebrannt. D'Pompjeeë vun Uespelt hu geläscht.
De Méindeg de Moien si géint 8.30 Auer op dem CR101 tëscht Kënzeg a Messancy een Auto an e Moto net laanschtenee komm. Eng Ambulanz war sur place, fir déi blesséiert Persoun ze versuergen, wärend de CIS Käerjeng d'Plaz geséchert huet.
Zu Rëmeleng huet géint 9.30 Auer en Auto gebrannt. D'Pompjeeë waren op der Plaz, verwonnt gouf keen.
Op der A7 bei Schëndels koum et géint 13.30 zu engem Accident mat engem Auto an engem Camion, hei gouf eng Persoun liicht verwonnt. An zu Rodange an der Lëtzebuerger Strooss krute sech zwee Gefierer ze paken, hei goufen zwou Persoune liicht verwonnt.
