
RTL-Informatiounen no géif um Knuedler iwwer Alternativen nogeduecht ginn, déi enger Summervakanz heiheem zu Lëtzebuerg, dat heescht an der Stad Rechnung droen.
Rieds geet vu méi klengen Happeningen op verschiddene Plazen. Als Zort Entschiedegung fir d’Foraine kéint d'Stad méi e grousse Chrëschtmaart organiséieren. E Méindeg de Mëtteg nom Gemengerot kéinten Detailer kommen.
