City BreakfastSchueberfouer ass net ofgesot, esou d'Lydie Polfer

RTL Lëtzebuerg
D'Schueberfouer, Nationalfeierdag, d'Bonge fir Schnelltester a villes méi. Dat waren d'Sujeten e Mëttwoch de Moien um City Breakfast.
© Paul Theisen (Archiv)

D'Schueberfouer gëtt dëst Joer organiséiert, just net an der traditioneller Versioun, wéi mir se um Glacis kennen. Dat huet d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer confirméiert. Esou wéi d'lescht Joer gi Stänn a Buden an de verschiddene Stater Quartieren opgebaut. Wat um Glacis selwer organiséiert gëtt, ass nach onkloer. Stéchdatum ass den 12. Juni, wann eventuell e weideren Deconfinement geschitt.

City Breakfast/Reportage Nadine Kremer

"Wéi zum Beispill och d'lescht Joer, do hate mer jo de Kino mat dem Auto. Dat wäerte mer dëst Joer ganz bestëmmt och nees maachen."

Iwwerdeems steet awer scho fest, dass d'offiziell Festivitéite fir Nationalfeierdag annuléiert sinn. Et géif een d'Freedefeier ganz oder guer net organiséieren, esou d'Lydie Polfer.

"Mir maachen doudsécher kee Freedefeier fir den 22. Juni. Well wa mir et maachen, dann esou schéi wéi mir dat gewinnt sinn. An da komme wéi déi aner Joren Dausenden an Dausende vu Leit an d'Stad. Also dat wäerte mer net maachen. A mir hunn och kee Fakelzuch. Dat ganz sécher net."

En anere Sujet waren d'Bonge fir Schnelltester. Dës deelt d'Gemeng jo zanter Ugangs der Woch aus. Domat kann een a 14 Apdikten an der Stad an am Kierchbierger Spidol Schnelltester maachen. Esou een Test kascht jo 30 Euro. D'Gemeng betount awer, si hätt ee bessere Präis kritt. Genee Zuelen huet d'Buergermeeschtesch awer keng genannt.

Um éischten Dag huet d'Stater Gemeng schonn eng 10.000 Bongen ausgedeelt. Knapp 700 dovun u Privatleit an 9.700 u Restauranten a Caféen.

Des Mesurë si geduecht, fir de ronn 700 Stater Restauranten a Caféen ënner d'Äerm ze gräifen. Privatleit kréien een Test, Restauranten eng Enveloppe mat 100 Tester, präziséiert den CSV-Schäffe Serge Wilmes.

"Et ass net eleng fir d'Awunner vun der Stad. Jiddereen, deen an d'Stad kënnt an och hei wëll iessen, ka sech ee Bong siche kommen."

Ausgedeelt gi se op der Gemeng an am Stater Gemengen-Verwaltungsgebai op der Rocade. Dobäi gëtt et och keng Limitt: wie wëll, ka sech all Dag op een Neits en Test siche goen.

Des Offer gëllt elo emol bis Enn der Woch an da gëtt weider gekuckt. Bis dohi misst all Restaurant seng Bongen hunn, esou dass d'Leit dann direkt dohi kënne goen an hiren Test "sur place" kënne maachen.

Back to Top
CIM LOGO