
Dobäi ass e jonkt Meedchen vun anere Jonken humiliéiert a geschloe ginn. Dat Ganzt ass gefilmt an duerno op de soziale Reseaue publizéiert ginn. D’Direktioun hätt keen esou en Opruff lancéiert, heescht op eis Nofro hin vun der Direktesch vum Fieldgen.
D’Police hätt, genee wéi an anere Schoulen, bei hinnen nogefrot, ob déi presuméiert TäterInnen, Schüler bei hinne sinn, an dat wier net de Fall.
Allerdéngs hätte sech eng Rei SchülerInne bei der Direktioun gemellt, déi och an deem Video ze gesi waren. Fir déi Concernéiert, déi zu där Zäit u sech hätte missen an der Schoul sinn, géifen et dann och intern disziplinaresch Konsequenzen, esou d’Direktesch.