Um Stau an am Wämper SéiSchwamme wéinst Bloalge verbueden

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Waasserwirtschaftsamt matdeelt, goufe gréisser Quantitéite vu Cyanobakterien an deenen zwee Gewässer detektéiert.
© AGE

Well et beim Kontakt mat Bloalgen zu Iwwelzegkeet, Kappwéi an engem Brennen op der Haut komme kann, ass et mat effet immédiat verbueden am Uewersauerstauséi an am Séi zu Wäiswampech ze schwammen. Doriwwer eraus soll een ënnert anerem och keng Hënn an d’Waasser loossen an de Kontakt mat Fësch aus de betraffene Gewässer evitéieren.

Ugangs vum Mount hat et där Bloalgen an de Baggerweieren zu Rëmersche ginn. Informatiounen iwwert d‘Qualitéit op Plazen an der Natur wou d‘Leit dacks schwamme ginn, fënnt een op waasser.lu.

Communiqué Bloalgen

Back to Top
CIM LOGO