En Donneschdeg huet d’Regierung jo annoncéiert, datt een d’Booster-Impfung lo scho 5 Méint no der zweeter Dosis Biontech oder Moderna ka kréien. Vu Januar u souguer schonn no 4 Méint. Fir verschidden héichschwanger Fraen ass et dann awer ze spéit, fir den zousätzleche Schutz, dee jo lo am Kontext vun Omikron ëmsou méi wichteg ass. Misste si net och, wéi a Groussbritannien, prioritär geboost ginn, well vulnerabel?
D’Isabelle Henschen erwaart ugangs Januar hire Bouf. Déi zweet Dosis Biontech krut si am August. 4 Méint sinn deemno ëm, ma den Delai fir de Booster geet réischt am Januar op 4 Méint erof. Da, wa si accouchéiere soll. Ongeboost. Eng Situatioun, déi hir Suerge bereet.
Eng Covid-Infektioun an der Schwangerschaft erhéicht de Risk fir Komplikatiounen, wéi zum Beispill Bluddunge bei der Gebuert, schwéier Präeklempsien, Fréigebuerten... Dat huet eng franséisch Etüd erginn mat knapp 250.000 Fraen, déi an der 1. Well tëscht Januar a Juni 2020 accouchéiert haten. 874 vun hinnen haten eng Covid-Infektioun.
Och hei am Land war ee scho mat schwéiere Komplikatioune bei schwangere Covid-Patientinne confrontéiert, seet den Dr Pit Duschinger, President vun de Gynekologen. “Mee mir gesinn haut, datt déi an der Schwangerschaft geimpfte Fraen däitlech mi roueg Verleef vum Covid weisen. Mat vill manner staarke Komplikatiounen. Souwuel fir d’Mamm wéi fir d’Kand.”
Eng Impfung wärend der Schwangerschaft wier indiquéiert. Et géif och näischt géint de Vaccin schwätzen, an der Zäit, wou een Nowuess plangt.
“Dat huet och keng Repercussiounen op d’Fruchtbarkeet. Dat sinn esou ‘Hirngespinster’, déi heiansdo nach doruechter geeschteren, mee déi komplett net fondéiert sinn. Dat wësse mer ganz kloer.”
D’Statistike vun Etüden a grousse Länner ronderëm eis géife weisen, datt et keen Ënnerscheed gëtt tëscht Puppelcher vu Fraen, déi wärend der Schwangerschaft geimpft goufen an deenen aneren.
De Booster ass och fir schwanger Fraen e wichtegt Schutzschëld, seet de President vun de Gynekologen. Soll ee si prioritär boosten, esou wéi Groussbritannien dat elo mécht? Déi Fro kéinten d’Gynekologen net beäntwerten, esou den Dr Duschinger. Et wär awer absolutt derwäert, sech domadder auserneenzesetzen.
De Ball läit bei der Santé an dem Conseil supérieur des maladies infectueuses. Bis Redaktiounsschluss war et net méiglech, eng Stellungnam vun der Santésdirektioun ze kréien.
