
Duerch déi vill Barragen, déi tëscht Waasserbëlleg a Koblenz sinn, ass et bis haut nach net gelongen, dass de Saumon vum Rhäin eriwwer an de Grand-Duché schwamme kann.
Vum Atlantik ass et e wäite Wee duerch d’Flëss bis op Lëtzebuerg. Ma et ass net dat d’Ursaach, wisou de Saumon no iwwer 60 Joer nach ëmmer net zréck ass. Vill méi sinn et d’Barragen, déi de Wee zréck onméiglech maachen, esou d’Carole Molitor vum Waasserwirtschaftsamt.
Op 9 Plaze kommen d’Fësch net virun. Dat bei de Musel-Schleisen: Lehmen, Müden, Fankel, St. Aldegund, Enkirch, Zeltingen, Wintrich, Detzem an Tréier.
Lëtzebuerg ass aktiv an der Rhäin-Kommissioun, déi sech zum Zil gesat huet, d’Zouflëss nees méiglechst naturno ze gestalten an de Wäitwanderfësch ze erméiglechen duerch de ganze Rhäin a méi wäit ze schwammen. De Rhäin ass souwäit bis op Koblenz flossopwäerts duerchgängeg.
D’Carole Molitor erkläert:
“Leider sinn eis Gewässer sou verbaut, dass net just de Wee muss fräi gemaach ginn, mee d’Gewässer mussen och vill méi naturno gestallt ginn, well de Mënsch d’Gewässer enorm verännert huet an doduerch d’Liewensraim fir Fësch an aner Organismen zerstéiert goufen. Et ass wichteg, engersäits de Wee fräi ze maachen an anerersäits déi Liewensraim ze schafen, déi de Fësch et erlaben, hire Liewenszyklus ofzeschléissen an doduerch eng nohalteg Populatioun ze erhalen.”

Der rouder Lëscht vun 2022 vun der Weltnaturorganisatioun no steet een Drëttel vun de Séisswaasser-Aarten haut virum Ausstierwen, esou d’Carole Molitor.
“Dobäi kommen d’Auswierkunge vum Klimawandel mat erhéichten Temperature vum Waasser, wat d’Gewässerökosystemer besonnesch ufälleg mécht.“

An engem Reportage vun 2017, ass een deemools dovun ausgaangen, dass bis 2027 de Saumon nees an de Lëtzebuerger Gewässer ënnerwee ass. Dat ass net gelongen, mee fir datt et an den nächste Jore klappt, sinn d’Chancë grouss.