"20 km for SOS"Sech beweege fir de gudden Zweck

Philippe Dondelinger
Zanter iwwer 45 Joer hëlleft "SOS Villages d'Enfants Monde" weltwäit. Hir Projete kënnen awer just mat gesammelten oder gespente Sue realiséiert ginn.
"20 km for SOS"
Nach bis den 31. August leeft d’Aktioun “20 km for SOS, Leave no one behind“, wou ee mat enger sportlecher Aktivitéit sech parrainéiere ka loossen.

Den Ament an nach bis den 31. August leeft d’Aktioun “20 km for SOS, Leave no one behind”, wou ee mat enger sportlecher Aktivitéit sech parrainéiere ka loossen.

An der Privatschoul Marie Consolatrice zu Esch lafen d’Schülerinne fir de gudden Zweck, an dat obwuel et 30 Grad dobausse sinn. Pro Kilometer ginn et Suen, déi herno un “SOS Villages d’Enfants Monde” gespent ginn. Dës Aktioun leeft scho fir déi zweete Kéier a läit der Directrice vun “SOS Village d’enfants Monde” Sophie Glesener och extrem um Häerz. Ëmmer nees weist d’Schoul hiren Asaz mam Benevolat.

Eng Schoul, déi een net nëmmen op d’Aarbechtswelt preparéiert, mä sech och dacks u soziale Projete bedeelegt an de Schüler déi Valeuren dann och mat op de Wee gëtt.

Een Tour huet 300 Meter. Si sollen der minimum sechs lafen, heescht et. Am Endeffekt zielt all Kilometer, well mat all Kilometer komme Suen eran. Eng gutt Decisioun vu motivéierte Jonker, fir deenen ze hëllefen, deenen et net esou gutt geet op dëser Welt. Et ass genee dat, wat d’Meedercher aus der Schoul motivéiert huet fir matzelafen.

Benevolat vun Escher Schülerinnen, déi sech definitiv net ze schued sinn, fir bei summerlechen Temperaturen och fräiwëlleg fir de gudden Zweck ze schweessen.

Back to Top
CIM LOGO