D'Wierk vun DuPont bei Conter gëtt den Ament fir 350 Milliounen Euro ausgebaut. Déi 4 verschidde Produktiounssitten hunn 2021 eng Fläch vu 50 Hektar a si sou grouss wéi 70 Futtballterrainen. Schonn an der Phas vun der Planung hunn Elementer wéi Sécherheet an Ëmwelt d'Architekte beschäftegt.
DuPont Lëtzebuerg ass eng Chemiesfabrik, déi als "Seveso low tier" klasséiert ass. Hei gëtt am Alldag mat brennbare Flëssegkeeten, brennbare Gasen a gëftege Chemikalien geschafft. E Site deen zanter de 60er-Jore fir seng streng Sécherheetsmesurë bekannt ass.
Am Mëttelpunkt steet zu 95% d'Preventioun, sou de François Marso, Manager fir Sécherheet, Gesondheet an Ëmwelt.
De François Marso: Wann d'Anlage gebaut ginn, da musse se an der Rei sinn. Wärend hirer Liewenszäit mussen d'Installatiounen anstänneg gewaart ginn. Dat zweet wichtegt Element sinn d'Leit. Si musse wësse wat maachen a wéi am Noutfall reagéieren. Dat 3. Element sinn d'Prozesser fir d'Produktioun déi all 5 Joer iwwerschafft ginn.
Kuerz virun 12 Auer mëttes. D'Wierkspompjeeën trainéieren den Eeschtfall. Simuléiert gëtt dës Kéier eng komplex Rettung vun engem Mataarbechter. Pompjeeën, déi normal op der Schicht schaffen an am Noutfall de bloen Overall mat der Uniform tauschen. Reegelméisseg ginn d'Wierkspompjeeë vun DuPont Lëtzebuerg op Rotterdam, fir do spezifesch Industriebränn a reelle Konditiounen ze trainéieren.
D'Waasserreserven um Wierksterrain erlaben et, am Eeschtfall wärend 3 Stonnen autonom ze läschen.
Stéchwuert: Waasser. Eng sensibel Plaz ass zum Beispill d'Kläranlag vum Wierk. Sou grouss, dat d'Ofwaasser vun enger 60.000 Awunner Stad hei traitéiert kéint ginn. Mat der Zäit krut se Iwwercapacitéit. Haut gëtt am Wierk bei Contern 70% manner Waasser verbraucht, wéi virun 20 Joer.
De Steve Simon, Responsabel Kläranlag bei DuPont, erkläert, datt all Dag eng 30 verschidden Analyse gemaach ginn, déi och weider un d'Waasserwirtschaftsamt geschéckt ginn. Den An- an Auslaf vun der Anlag gëtt 24 Stonnen op 24 automatesch iwwerwaacht, iert d'Waasser duerch d'Izegerbaach an d'Uelzecht leeft.
D'Spagat tëscht Chimie, Industrie an Ëmweltschutz ass net einfach. Mëtt der 80er-Jore stoung d'Wierk am Viséier vun den Ëmweltschutzorganisatiounen, déi géint den Ausstouss vu sougenannten Zäregase mobiliséiert hunn. Déi Responsabel vun DuPont leeën haut e grousse Wäert op de Fakt, datt an den eegene Bëscher ronderëm d'Wierk, d'Biodiversitéit mat iwwer 500 Spezies bemierkenswäert ass.
DuPont investéiert 350 Milliounen Euro an eng 3. Produktiounslinn fir Tyvek. Duerch dësen Investissement ginn 125 nei Aarbechtsplaze geschaaft an de Site Lëtzebuerg ass doduerch fir eng weider 30 bis 40 Joer ofgeséchert.