Policeauto beschiedegtSécherheetspersonal pëtzt Vandal op der Gare

RTL Lëtzebuerg
Nodeems ee Mann de Spigel vun engem Policeauto futti gemaach huet, huet Sécherheetspersonal de presuméierten Täter festgehalen, bis d'Beamte koumen.
Beispillbild.
Beispillbild.
© RTL-Archiv

E Sonndeg den Owend géint 23.15 Auer hu Mataarbechter vun enger privater Sécherheetsfirma eng Persoun dobäi gesinn, wéi si op der Place de la Gare virsätzlech de Säitespigel vun engem Policeauto futti gemaach huet.

D’Sécherheetspersonal konnten den presuméierten Täter festhalen, bis d’Police op der Plaz war. Et huet sech erausgestallt, datt de Mann Drogen an eng gréisser Zort Boergeld bei sech hat.

D’Police huet de Parquet vun hirem Verdacht informéiert, datt d’Suen vum Drogenhandel kéinte kommen. Déi huet doropshin ugeuerdent, datt de Mann festgeholl an d’Drogen an d’Suen saiséiert sollte ginn. Hie gouf e Méindeg de Moien engem Untersuchungsriichter virgefouert.

Back to Top
CIM LOGO