
Zu Waasserbëlleg ass e Samschdeg den Owend géint 18.30 Auer eng Persoun ugestouss a blesséiert ginn. Kuerz drop ass tëscht Kanech a Greiweldeng en Auto accidentéiert, och hei ass eng Persoun verwonnt ginn.
Bei engem Accident tëscht Viichten a Biissen sinn zwee Leit verwonnt ginn. Dat war kuerz virun 19.30 Auer e Samschdeg den Owend.
Ee Blesséierte gouf et kuerz no 23 Auer bei engem Autosaccident tëscht Iermsdref a Miedernach.
Géint 23.10 Auer sinn an der Route de Zoufftgen zu Diddeleng zwee Autoen net laanschtenee komm, och hei gouf eng Persoun verwonnt.
Kee Blesséierte gouf et bei engem Accident kuerz no 4 Auer e Sonndeg de Moien op der N16 tëscht Réimech an Elleng Gare.
Géint 4.51 Auer sinn dann nach zwee Autoen zu Nidderkäerjeng kollidéiert. 2 Persoune goufe blesséiert.