PoliceSechs presuméiert Täter no Iwwerfall an der Stad gestallt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et de 6. Mee géint 18.40 Auer zu engem Iwwerfall mat Gewalt am Park bei der Avenue Monterey.
© Laurent Weber / RTL (Archivbild)

E Grupp vu jonke Männer huet d’Affer ugegraff a beklaut. Déi sechs sinn no der Dot geflücht.

Bei der lancéierter Sichaktioun goufen dës Persounen du bei der Konstitutiounsplaz ugetraff. D’Beschreiwung huet gepasst a bei der uschléissender Kontroll goufen um Enn déi geklaute Saache séchergestallt.

Op Uerder vum Parquet goufen déi presuméiert Täter festgeholl. Ee vun hinne koum op Suessem, déi aner fënnef Verdächteg op Dräibuer.

En Dënschdeg am spéiden Owend krut d’Police dann nach een Iwwerfall op der Gare zu Diddeleng gemellt. Dräi Jugendlecher haten een anere Jugendleche mat Pefferspray bedrot an hien opgefuerdert, fir hinnen divers Markekleeder ze ginn. Si hunn d’Affer op de Buedem gestouss. D’Police huet déi Jugendlech kuerz drop fonnt. Bei engem konnt de Pefferspray an och déi geklaute Saache séchergestallt ginn. E Protokoll gouf geschriwwen an d’Affer krut déi geklaute Saachen zeréck.

Am Gronn an der Montée de la Pétrusse ass dann nach een Abriecher op frëscher Dot erwëscht ginn. Iwwert d’Terrassendier war de presuméierten Täter an d’Gebai gaangen. Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl an ass e Mëttwoch am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter komm.

Back to Top
CIM LOGO