Chômage an engem Joer ëm 15,5% geklommenSecteuren Informatik, Bau, Industrie a Finanzen am meeschte betraff

RTL Lëtzebuerg
Wéi gesäit et um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart aus? Dat gouf e Mëttwoch an der parlamentarescher Aarbechtskommissioun diskutéiert.
© RTL Archivbild

Den zoustännege Minister Georges Mischo an d’Direktesch vun der ADEM Isabelle Schlesser hate sech mat den Deputéierten zesummegesat.

Bannent engem Joer ass de Chômage ëm 15,5% an d’Luucht gaangen op iwwer 18.000 Persounen. Fir dëst Joer gëtt mat engem Wuesstem vum Emploi vun 1,3% gerechent. Dat geet net duer, fir datt de Chômage erofgeet. D’Secteure vun der Informatik, dem Bau, der Industrie an de Finanze sinn am meeschte betraff. Parallel feelen awer Leit am Beräich vun der Informatik. Dat soll méi am Detail analyséiert ginn, sot d’Adem-Direktesch. D’Profiller vun Offer an Demande passen net iwwerteneen.

Zanter September kënnen d’Demandeurs de protection internationale méi einfach agestallt ginn. Do mierkt een eng Hausse vu 70%.

Vereinfacht Prozedure gëtt et fir eng 15 Beruffer, wou et eng staark Penurie gëtt. Den Horesca-Secteur ass do net mat derbäi. Mä am Mäerz soll eng nei Lëscht mat de Beruffer, wou et e staarke Manktem gëtt, erauskommen.

Back to Top
CIM LOGO