Rapport ILRSéieren Internet ass an de leschte 5 Joer zu Lëtzebuerg staark ausgebaut ginn

Diana Hoffmann
Den Telekommunikatiouns-Reseau hei am Land gouf zejoert weider ausgebaut. Grouss Investissementer sinn am Beräich vun dem séieren Internet gemaach ginn.
Rapport ILR
Séieren Internet ass an de leschte 5 Joer zu Lëtzebuerg staark ausgebaut ginn

Dat geet aus enger Etüd ervir, déi vum Institut Luxembourgeois de régulation, kuerz ILR, gemaach gouf. Acceleréiert ginn ass den Trend duerch d’Pandemie.

Bal 110 Milliounen Euro goufen hei am Land an den Telekommunikatiouns-Reseau investéiert. 72 Milliounen dovunner an de fixen Internet. Mat 72 Prozent vun de Leit, déi Internet hunn, huet d’Majoritéit antëscht also eng Connectioun, déi als séieren Internet bezeechent gëtt. Eng staark Croissance, seet de Marc Kohl, Chef vum Service Statistique beim ILR.

Do si mer bannent 5 Joer op 162.000 Uschlëss komm. Dat mécht den Operateure warscheinlech eng grouss Freed. Dat ass dat, wou se hire Business domat entwéckelen, nieft dem Service mobile.

Och beim Service mobile gouf eng Croissance vun 21 Prozent festgestallt. Dat wier wuel d’Konsequenz vum Enn vun der Pandemie, wärend där vill Leit vun Doheem aus geschafft hunn, betount de Marc Kohl. D’Festnetz huet dann no engem kuerze Succès wärend der Pandemie u Popularitéit verluer.

Et gesäit een, datt d’Minutten an der fixer Telefonie zejoert nees staark erofgaange sinn. Et geet esou wäit, datt ee ka soen, datt villäicht iwwer e puer Joer keng fix Telefonie méi do ass.

Rapport ILR / Rep. Diana Hoffmann

Dobäi gëtt den Ament nach am Schnëtt hei am Land 18 Euro fir de Festnetzuschloss bezuelt. Den héchste Käschtepunkt bei der Telekommunikatioun ass awer de fixen Internet mat 50 Euro, dono de mobillen Internet mat 23 Euro. Fir d’Tëlees-Abo gëtt am Schnëtt 16 Euro ausginn. E grousse Changement wier generell bei der Notzung vum Data ze gesinn, ënnersträicht den Direkter vum ILR, de Luc Tapella.

Et gëtt ëmmer méi Data benotzt. Dëst Joer ginn an der Moyene 8,1 Gigabyte an den Abonnementer benotzt. Freier waren dat der just knapp 5. Dat gëtt ëmmer méi wichteg an d’Operateure konzentréiere sech méi op den Data.

Erauskomm an der Etüd ass awer och, datt d’Leit zu Lëtzebuerg dacks méi e groussen Datevolume bezuelen, wéi se eigentlech notzen. 11 Prozent vun de Consommateure bezuelen iwwer 50 Euro de Mount fir hire mobillen Internet. Bal 60 Prozent dogéint ënner 20 Euro.

Fir ze kucken, wéi vill Datevolume ee wierklech brauch, gëtt gerode mam Operateur zesummen de Verbrauch ze kucken an d’Offer entspriechend unzepassen. Wann een ee Mount iwwert den Datevolume kéim, deen ee laut Abonement zegutt huet, wier d’Nobezuelen dacks awer méi bëlleg, wéi ëmmer méi ze bezuelen, wéi een eigentlech brauch, seet de Luc Tapella.

Back to Top
CIM LOGO