Sozialwalen - Deel 3Sektorielle Kollektivvertrag am Commerce?

Kevin Kayser
Praktesch d'Halschent vun de Salariéen hei am Land hu kee Kollektivvertrag, dat ass eng Doleance, déi elo am Kader vun de Sozialwahlen nees erauskënnt.
Sektorielle Kollektivvertrag am Commerce?
Praktesch d'Halschent vun de Salariéen hei am Land hu kee Kollektivvertrag, dat ass eng Doleance, déi elo am Kader vun de Sozialwahlen nees erauskënnt.

Et gi Kollektivverträg an eenzele Betriber, an et ginn eng ganz Rei sektoriell Verträg. Ee Secteur, wou et zum Beispill kee gëtt, ass de Commerce. An hei leien di zwou grouss Gewerkschaften, OGBL an LCGB, net op enger Ligne.

50% vun de Salariéeën an Entreprisë benefisséiere vun engem Kollektivvertrag, hu geséchert Aarbechts- a Lounkonditiounen an harmoniséiert Aarbechtssituatioune par rapport zu hire Kollegen.

Et ginn eng ganz Rei sektoriell Kollektivverträg zum Beispill an der Santé an am Fleege- a Sozialsecteur, am Gardiennage, am Nettoyage, am Bus-Transport, an de Garagen oder de Banken.

Sozialwalen Deel 1: Wéi lafe se of a wat maachen d'Salariatskummer an d'Personaldelegéiert?Sozialwalen Deel 2: Wat genee sinn d'Missioune vun der Chambre des salariés?

Back to Top
CIM LOGO