Demokratie an Zesummeliewe stäerkenSensibiliséierungscampagne fir d'Europawale "Je peux voter" gouf lancéiert

Lynn Cruchten
Claudia Kollwelter
De Familljen- an Integratiounsminister an 3 vun de Lëtzebuerger Europadeputéiert hu bei der Presentatioun erkläert, wisou ee seng Stëmm soll ofginn.
Sensibiliséierungscampagne fir d'Europawale "Je peux voter"
De Familljen- an Integratiounsminister an 3 vun de Lëtzebuerger Europadeputéiert hu bei der Presentatioun erkläert, wisou et wichteg ass, seng Stëmm ofzeginn.

Campagne EU-Walen / vum Claudia Kollwelter

Aktuell sinn 13,2% vun den Net-Lëtzebuerger Residenten, déi am Grand-Duché liewen, op de Wielerlëschte fir d’Europawalen den 9. Juni ageschriwwen. Dat si ronn 27.000 Leit. Zil wier et, méiglechst vill Leit motivéiert ze kréien, wielen ze goen. Vun de ronn 47% Net-Lëtzebuerger, déi hei am Grand-Duché liewen, sinn 81% EU-Bierger, huet den DP-Minister Max Hahn ënnerstrach:

“Si alleguerte kënnen, wa se wëllen, bei den Europawale mat wielen. Sief et hei am Land oder an hirem Hierkonftsland.”

Extrait Max Hahn

Si musse sech dofir awer bis de 15. Abrëll op der Wielerlëscht aschreiwen. D’Isabelle Wiseler-Lima, de Marc Angel an d’Tilly Metz, déi aktuell Europadeputéiert sinn, sinn op d’Enjeue vun de Walen agaangen an hu puer Punkte genannt, fir d’Wichtegkeet vum Vott ervir ze hiewen:

Isabelle Wiseler-Lima: “Wiele goen, ass extrem wichteg, well et ass den Ausdrock vun der Demokratie!”Marc Angel: “Well et geet ëm eng Ausriichtung, wéi mer eise Kontinent wëllen organiséieren an, ob mer dat, wat mer iwwert déi lescht 70 Joer opgebaut hunn, weider entwéckelen oder futti schloe loossen vun nationalistesche Parteien.”

Tilly Metz: “Et geet natierlech och drëm, Europa op der internationaler Bün ze stäerken, geopolitesch ze stäerken."¨

Mat ënner anerem Affichen, Videoen an Temoignagen op de sozialen Netzwierker oder ausgeschafftem Material fir d’Gemengen oder d’Entreprise wëll een d’Leit sensibiliséieren. Bis de 15. Abrëll kënnen d’Leit sech wéi scho gesot nach aschreiwen. Detailer fënnt een ënnert jepeuxvoter.lu.

Back to Top
CIM LOGO