Cour d'appelSequestratioun net zréckbehalen - Et bleift bei 10 Joer Prisong

RTL Lëtzebuerg
E Mann, deem u sech Sequestratioun mat Violle reprochéiert gi waren, krut op der Cour d'appel déiselwecht Strof dofir, dat heescht 10 Joer Prisong.

Dobäi hunn déi zweet Riichter d'Sequestratioun net zréckbehalen. De Mann sollt seng Partnerin am Juni virzejoert an der Stad géint hire Wëlle festgehalen a vergewaltegt hunn: hien hat dat bestridden an och d'Fra hat am 1. Prozess ausgesot, dass si gelu gehat hätt. Nawell war de Mann zu där Prisongsstrof veruerteelt ginn.

Back to Top
CIM LOGO