Invité vun der Redaktioun (24. Oktober)Serge Wilmes iwwer Koalitiounsverhandlungen an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg ëm 10 op 8 war de Serge Wilmes, Spëtzekandidat bei der Stater CSV bei de Gemengewahlen.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Serge Wilmes
Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg ëm 10 op 8 war de Serge Wilmes, Spëtzekandidat bei der Stater CSV bei de Gemengewahlen.

An der Stad Lëtzebuerg verhandelen den Ament DP an CSV mateneen, fir en neie Schäfferot op d'Been ze stellen. 7 Reuniounen hat ee schonn a 6 weiderer sinn nach geplangt.

Bis ewell ass awer manner iwwert de Koalitiounsprogramm geschwat ginn, sot de Serge Wilmes, CSV-Spëtzekandidat an der Stad. Hie war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. D'Gespréicher ware bis ewell awer ganz gutt.

De Serge Wilmes

Iwwer d'Posteverdeelung wollt de Serge Wilmes näischt soen. Et wär een nach net decidéiert, wie Schäffe gëtt. Fir d'éischt d'Inhalter, da kommen d'Käpp!

Aktuell gëtt et 5 Schäffeposten an der Stad, plus de Buergermeeschter. D'Gesetz erlaabt wéinst der Gréisst vun der Stad och e weidere Schäffeposten. Ob dee kënnt, ass nach net gekläert.

De Serge Wilmes sot, datt d'Posten an d'Responsabilitéiten eréischt zum Schluss verdeelt ginn, elo gëtt mol iwwert den Inhalt geschwat. Bis Enn November kéinten d'Gespréicher nach daueren. Dat ass bei sou enger Gréisst wéi der Stad an neie Koalitiounspartner näischt Aussergewéinleches, sot de Stater CSV-Spëtzekandidat.

De Serge Wilmes hat och theoretesch d'Méiglechkeet fir Buergermeeschter an der Stad ze ginn, an enger 3er-Koalitioun tëscht CSV, déi Gréng an LSAP. Mä dat war fir hie keng Optioun. An der Politik misst een nach Prinzipien hunn, seet de Serge Wilmes. Zu deene gehéiert och, datt hie sech festleet, datt wann hie Schäffen an der Stad gëtt, dat fir 6 Joer bleift. Also net zum Beispill Minister gëtt.

Invité vun der Redaktioun en Dënschdeg ëm 10 op 8 war de Serge Wilmes, Spëtzekandidat bei der Stater CSV bei de Gemengewahlen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO