Dampentwécklung an der Maison Printz&RichardSessioun gouf ënnerbrach, ma et war wuel just d'Noutstroum-Aggregat

David Winter
D'Gebai gouf géint 18 Auer evakuéiert, dat wärend enger Sëtzung an der Chamber. Kuerz drop gouf et awer Entwarnung vun de Pompjeeën.
Feier an der Maison Prince&Richard
Chambersessioun ënnerbrach, Deputéiert goufen evakuéiert.

En Dënschdeg den Owend géint 18 Auer gouf d’Chamberssëtzung ënnerbrach an d’Parlament gouf evakuéiert, wéinst engem Feier. Kuerz drop sinn déi éischt Pompjeeën ukomm.

Vun eiser Journalistin op der Plaz huet et geheescht, de Stroum wär ausgefall, 10 Minutten drop hätt et du geheescht et géing brennen. Dat net am Plenarsall selwer, mä am Administrativen Deel vum Parlament, der Maison Printz&Richard. Ënnert anerem krut RTL confirméiert, dass och de Stroum an der CSV-Fraktioun an der Géigend fortgaangen ass.

© Facebook Nancy Kemp Arendt

Et geet een dovun aus, dass duerch de Stroumausfall am Quartier den Noutstroum-Aggregat vun der Chamber ugesprongen ass. Well deen awer scho länger net genotzt gouf, hätt sech Damp entwéckelt, deen iwwert d‘Lüftung uewen zum Gebai erauskomm ass an d‘Evakuatioun ausgeléist huet. Deen Damp war awer séier verflunn.

Stroumausfall an der Chamber
D'Gebai gouf géint 18 Auer evakuéiert, dat wärend enger Sëtzung an der Chamber. Kuerz drop gouf et awer Entwarnung vun de Pompjeeën.

Bis d'Pompjeeën awer alles geséchert haten, ass d'Gebai evakuéiert ginn. Den Debat, deen nach ronn 90 Minutte sollt daueren, soll e Mëttwoch de Mëtteg nogeholl ginn.

© Maxime Gillen (RTL)
© Maxime Gillen (RTL)

D’Orientéierungsdebatt iwwer d’Biolandwirtschaft gouf ofgebrach. De Stroum war och am ganze Quartier an der Stad fort gewiescht.

© Maxime Gillen (RTL)

Um kuerz virun 19 Auer koum dunn d'Nouvelle, dass d'Pompjeeën am Gaange waren anzepaken an dass d'Chamber och op ass.

Back to Top
CIM LOGO