D’Situatioun bei de Staatsfinanzen verschlechtert sech. Lëtzebuerg hält säin mëttelfristegt Haushaltsziil net méi an. Dat stellt de Conseil national des finances publiques fest, deen iwwerwaacht, ob d’Regierung déi europäesch Budgets- a Scholdereegelen anhält. De Moment kritt dat keng Konsequenzen fir Lëtzebuerg. D’Reegele si wéinst dem Krich an der Ukrain ausgesat, mee sollen d’nächst Joer nees gëllen.
De Romain Bausch, President vum Conseil national des finances publiques stellt fest: “datt et signifikant Verschlechterung gëtt an de Staatsfinanzen. Kuerz- a mëttelfristeg.”
Déi Feststellung berout um Stabilitéitsplang, deen d’Regierung am Fréijoer op Bréissel geschéckt huet. Do dra war fir dëst Joer en Defizit vun 1,5 Prozent vun der ëffentlecher Hand virgesinn. Zanterhier hu sech awer d’Previsioune fir déi wirtschaftlech Entwécklung och am lafende Joer däitlech verschlechtert an domat warscheinlech och den Defizit, deen ze erwaarden ass.
Schonn no den Zuelen vum Fréijoer erfëllt Lëtzebuerg déi europäesch Budgetsreegelen net méi. Mee se sinn de Moment nach wéinst dem Ukrainkrich ausgesat. Op déi Situatioun Konsequenze fir Lëtzebuerg kritt, hänkt dovun of, wéi séier d’Reform kënnt, un där de Moment zu Bréissel geschafft gëtt. Well no de Reformpläng géif Lëtzebuerg déi nei Reegelen och mat verschlechterte Staatsfinanze anhalen. Dofir ënnersträicht de Romain Bausch.
“Et ass wichteg ze soen, datt eng strukturell a generell Tendenz ass. Et ass also net eppes Eemoleges, wat elo hei geschitt wier oder wat géif geschéien. An dee Constat ass onofhängeg vum cadre législativ, deen d’application ass.”
Den Defizit dëst Joer erkläert sech zum Deel duerch d’Mesuren, déi an der Tripartite an um Energiedësch decidéiert goufen.
“Mir hunn en zolitten Defizit an dee bleift”, och an de nächste Joren, obschonns, esou de Romain Bausch déi Mesuren :
“2024 700 Milliounen Euro manner kaschte wéi 2023 an 2025 ass de Käschtepunkt nach eng Kéier 450 Millioune manner wéi 2024.”
Wéi vill Sputt ass do fir méiglech Steierreformen a -Kaddoen, déi d’Parteien de Wieler am Walkampf verspriechen?
“Dir kënnt Iech all méiglech Spillraum virstellen, just et muss iergendwou géigefinanzéiert sinn”, esou de Romain Bausch.