
D'Situatioun am Enseignement, datt Léierpersonal feelt, huet sech net berouegt, seet de Patrick Remakel, President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE-CGFP. Et gëtt quasi keen Ersatz méi, wann eng Léierin oder e Schoulmeeschter feelt. Wa kee fonnt gëtt, ginn d'Klassen opgedeelt. Da ka kee qualitativ gudden Unterrecht méi garantéiert ginn, kritiséiert d'Gewerkschaft. Den Opruff u pensionéiert Léierpersonal – fir auszehëllefen - war net de Risesuccès. Manner wéi 10 wéilten dat effektiv maachen.
Den SNE huet proposéiert, datt ee wann ee 25, 50 oder 75% schafft, däerf Iwwerstonne maachen. Dat war bis ewell net de Fall. De Minister schéngt dat awer elo z'envisagéieren, sot de Patrick Remakel. Och kéinten d'Iwwerstonne besser bezuelt ginn.
De Stage fir ersetzen ze goen, dierft op kee Fall bradéiert ginn. Ganz skeptesch ass de Patrick Remakel och, fir den Enseignement méi breet fir Auslänner opzemaachen.
Invité en Donneschdeg de Moien um 10 op 8 war de Patrick Remakel.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
--> Vun dësem "Invité vun der Redaktioun" gëtt et ausnamsweis kee Video. Mir bieden, dat ze entschëllegen, a soe Merci fir Äert Versteesdemech.