Centre de RétentionSituatioun immens problematesch

Pierre Jans
D'sanitär Kris huet och en Impakt op essentiell Immigratiounsprozeduren.

Esou hunn eng Partie Persounen, déi illegal hei am Land sinn, de Centre de Rétention beim Findel elo verlooss. De Flüchtlingsrot an den Ausseministère confirméieren dat. Si betounen, dass de Centre de Rétention kee Prisong ass, deemno kann och keen do festgehale ginn, wann déi gesetzlech Delaien ofgelaf sinn. Nawell ass dat alles anescht ewéi eng onproblematesch Situatioun.

Centre de Retention 1 / Reportage Pierre Jans

Am Engleschen ass et méi kloer, wat d'Funktioun vun der Struktur ass, déi een op Franséisch ''Centre de Rétention'' nennt: ''holding facility for illegal migrants''. Déi meescht Mënschen, déi hei hebergéiert sinn, si baussent all Asylprozedur, respektiv hunn ouni Succès schonn all Méiglechkeeten duerchlaf, fir eng Openthaltsgeneemegung zu Lëtzebuerg ze kréien.

Wéinst der Kris goufen all d'Delaien um Geriicht opgehuewen, mat enger Ausnam, erkläert de Me Frank Wies vum Flüchtlingsrot: "Fir déi Leit, déi an 'Abschiebehaft' sinn, well si sollten an en anert Land transferéiert ginn, ginn d'Prozeduren nach weider.''

Hiren Dossier ass nach aktiv, mä reell hickt et. Eng Partie Persounen, déi an een anert EU-Land transferéiert sollte ginn, sinn elo net méi am Centre de Rétention. De Frank Wies confirméiert: "Dat ass awer normal, well d'Retentioun sech nëmme rechtfäerdegt, wann Der eng realistesch Chance hutt, fir eng Persoun eben och kënnen ze transferéieren. Zum Beispill Italien huet awer scho virun dräi, véier Woche signaliséiert, dass se eben op Grond vun der sanitärer Kris bei hinne keng Transferte méi géifen akzeptéieren. Wann Dir wësst, dass dir eng Persoun souwisou net kënnt transferéieren, gëtt et legal och kee Grond, firwat dass der déi nach weider an der Retentioun haalt."

D'Reegel ass, dass eng Persoun just ka 4 Méint am Centre de Rétention bleiwen. Vläicht eng Dose Fäll kéinten elo net méi do gehale ginn, heescht et aus dem Immigratiounsministère. Ëmmerhin ass de Centre de Retention kee Prisong an och d'Exekutiv muss sech un d'Gesetzer halen. Dobäi kënnt, dass den Zuch- an den Fluchverkéier den Ament gestéiert sinn. Och wann d'Leit also net kënnen do festgehale ginn, an déi meescht Persounen och net do bleiwe wëllen, ass hir Situatioun äusserst problematesch, weess de Frank Wies vum Flüchtlingsrot: "Wann Dir nees nei kontrolléiert gitt vun der Police, an déi stellt fest, dass Dir nach ëmmer keng Openthaltsgeneemegung hutt, kënnt Dir erëm nees an d'Retentioun kommen. Et gi Leit, déi maache méi Passagen an der Retentioun, déi maachen net nëmmen een."

Migranten ouni Openthaltsgeneemegung, déi zousätzlech eng komme loossen, gi strofrechtlech verfollegt ewéi all anere Mënsch och. Dat gëllt och fir Verstéiss géint d'Mesuren, déi d'Regierung wéinst dem Coronavirus geholl huet.

Wat geschitt da mat deene Leit, déi den Centre de Rétention legal verlooss hunn?

Hire Choix fir enzwousch ënnerzekommen ass elo immens limitéiert. De Frank Wies vum Flüchtlingsrot erkläert: "Dat eenzegt, wat si elo kënne maachen, ass dass se eben an déi Foyere ginn, déi och gemaach si fir Leit, déi souwisou Sans-Abri sinn."

Mä och do ginn d'Pabeieren net seele kontrolléiert. De SHUK um Kierchbierg ass eng - ënnert Guillemeten - 'light' Versioun vum Centre de Rétention. Hei kënnen Demandeurs d'Asyl, déi keng Chance hunn, de Statut vum Refugié ze kréien, schlofen. An do hätten déi Responsabel eng Léisung fonnt, fir déi Fäll, déi elo eben net kënnen transferéiert ginn.

Centre de Retention 2 / Reportage Pierre Jans

"Mir wëssen do vu Leit, dass déi ebe fräiwëlleg do bleiwen, och nodeems eng Mesure géint si opgehuewe gouf, ganz einfach, well momentan keng aner Alternativ besteet. Déi ënnerschreiwen dann eng Decharge, dass si unerkennen, dass si eben op fräiwëlleger Basis dobleiwen", sou nach de Frank Wies.

De Flüchtlingsrot réit den Demandeurs d'Asyl och fir déi Offer z'acceptéieren. Ëmmerhi gouf hir Situatioun elo an dëser Zäit nach e Stéck méi komplizéiert.

Back to Top
CIM LOGO