
Vill Baueren a Wënzer wieren am Reen stoe gelooss ginn, kaum een hätt zum Beispill d'Ënnerstëtzung an Héicht vu 5.000€ kritt. Ënnert anerem d'Mëllech- an d'Fleeschpräisser géinge staark ënner Drock geroden. D'Konditiounen op de Mäert wieren allgemeng schwiereg.
Datt d'Baueren zu deene Beruffsgruppe géinge gehéieren, déi weider kéinten op de Felder an an de Ställ schaffen, dat wier kee Privileeg, mä et wier noutwenneg, fir Liewesmëttel ze produzéieren.
D'Bauerenzentral schwätzt vun enger alarmanter Situatioun a fuerdert Ënnerstëtzunge fir d'Betriber. Dat eenzegt, wat bis ewell annoncéiert gouf, wieren déi normal Aiden, déi d'Bauere souwisou ze gutt hätten, ma déi géingen an dëser Situatioun net duergoen.
