
An engem Akafszenter um Kierchbierg gouf ee Mann um fréie Samschdegowend vun zwee jonke Männer ugeschwat, ier him bemol d’Kette vum Hals gerappt gouf. D’Affer war awer flénk a konnt seng Ketten zeréckhuelen. Déi zwee presuméiert Täter goufen iwwerdeems festgehalen, bis d’Police ukoum.
Wéi d’Police matdeelt, koum bei den Ermëttlungen eraus, datt béid Männer verdächtegt ginn, am Laf vun Dag fir eng Rei weider Iwwerfäll zoustänneg gewiescht ze sinn. Véier geklauten Handyen an eng geklaute Kreditkaart goufe bei hinne séchergestallt. Op Uerder vum Parquet goufen déi zwee Männer festgeholl an si goufen e Sonndeg de Moien dem Untersuchungsriichter presentéiert.
D’Wunnengsabréch, déi d’Police e Samschdeg registréiert huet, zu Miedernach, zu Mamer, zu Helsem, zu Diddeleng an an der Nacher Strooss. An der Stad gouf iwwerdeems direkt zweemol agebrach. D’Déif hu Bijouen a Boergeld matgoe gelooss.
Am Laf vun der Nuecht goufen zu Esch an der Rue de l’Hopital an an der Avenue du Rock’n Roll iwwerdeems dräi Autoen opgebrach. Duerch ageschloe Fënsteren hunn d’Déif ënnert anerem ee Laptop geklaut. An der Stad gouf an der Rue de Reims och eng Autosfënster opgeschloen. Geklaut gouf hei allerdéngs näischt.
D’Police mellt dann och nach een alkoholiséierte Chauffer, deen e Samschdeg den Owend op der A4 a Richtung Leideleng ënnerwee war. Hien huet de Beamte misse säi Fürerschäin ofginn.