Arcus AsblSolidaritéit am Erzéiungswiesen um Beispill vum Kannerheem Iechternach

Tom Flammang
De gréissten Deel vun de Crèchen a Maison Relaisen ass momentan zou.
Arcus Asbl
Solidaritéit am Erzéiungswiesen um Beispill vum Kannerheem Iechternach.

Déi, déi nach fonctionéieren, sinn op, fir d’Personal vum Fleege- a Gesondheetssecteur bei der Kannerbetreiung z’ënnerstëtzen.

An de Kannerheemer gesäit dat e bëssen anescht aus. Do ginn d’Kanner weiderhi betreit. D’Educatiounspersonal a Kanner vum Kannerheem Iechternach hu sech hirersäits engagéiert, fir mam 3D Drucker Masken ze produzéieren.

An der Maison Relais vu Rouspert ass et momentan relativ roueg. Dat awer net déi ganzen Zäit, well d’Arcus ASBL als Träger de Kanner aus dem Kannerheem Iechternach d’Méiglechkeet gëtt, dohinzekommen an eng Hand fir de gudden Zweck mat unzepaken.

D’Kanner aus dem Kannerheem, déi eng 24-Stonnen-op 24-Stonne-Betreiung iwwer déi ganz Woch hunn, freeë sech besonnesch an dëser Zäit vun ageschränktem Beweegungsraum iwwer méi Ofwiesslung am Alldag. Doduerch kann d’Kannerheem vun Iechternach och vun aneren Infrastrukture vun der Maison Relais profitéieren, wou 4 Erzéier aus dësem Gebai sech zousätzlech ëm si kenne këmmeren.

Am Erzéiungswiesen ass bei de Leit vun Arcus trotz der Kris eng gutt Stëmmung an et ënnerstëtzt ee sech, wou ee kann, dat am Sënn vun de Kanner, déi op d`Personal ugewise sinn.

Och wa sech zu Rouspert vill manner Kanner wéi gewinnt ophalen. D’Kanner aus dem Iechternacher Heem, déi dohikommen, kréien e flotten an interessante Programm gebueden. Besonnesch dat soziaalt Engagement dierft fir si vu groussem Wäert sinn.

Back to Top
CIM LOGO