Protester zu SchengenSolidaritéitsaktioun vu Jongbaueren huet net jidderengem gefall

Diana Hoffmann
An der Zeitung "Lëtzebuerger Bauer" huet den Direkter vun der Bauerenzentral als Privatpersoun d'Maniff vun de Jongbaueren zu Schengen kritiséiert.

Als “bedauerlech” huet de Laurent Schüssler, Direkter vun der Bauerenzentral, an engem Meenungsbäitrag an der Zeitung “Lëtzebuerger Bauer” d’Protester vun de Jongbaueren zu Schengen ugangs der Woch bezeechent. An engem Communiqué hunn d’Jongbaueren aLandjugend op d’Kritik reagéiert.

Baurenzentral vs Jongbaueren / Rep. Diana Hoffmann

De Laurent Schüssler fënnt, d’Landwirtschaft hätt et verpasst zesummenzestoen. Déi dräi Gewerkschaften hätte sech gëeenegt gehat, net ze protestéieren. D’Situatioun vun de Baueren hei am Land wier nämlech eng aner, wéi déi an den Nopeschlänner.

“D’Jongbaueren hu gemengt, bei hirer Manifestatioun kéint een trennen, tëscht der europäescher a lëtzebuergescher Politik. Am Kommentar ass et och e bëssi dorëm gaangen, dass dat menger Meenung no relativ schwéier ass.”

D’Solidaritéit hätt een net misse mat esou enger gemeinsamer Aktioun ausdrécken, fënnt de Laurent Schüssler. Wann ee géint d’EU-Politik wéilt protestéieren, soll een dat zu Bréissel maachen.

Dat gesäit de President vun de Jongbaueren, de Charel Ferring, awer net esou.

“Mir hunn e gudden Dialog den Ament mat der Regierung. Et ass awer esou, dass mir op EU-Basis am selwechte Boot sëtzen, wéi all déi aner Memberstaaten och. Mir sinn do net privilegéiert. Wéi den Zoufall et ebe wëllt, läit d’Duerf Schengen eben a Lëtzebuerg.”

De Laurent Schüssler betount, dass hien de Meenungsbäitrag als Privatpersoun gemaach hätt. Hie wier och responsabele Redakter vun der Zeitung “Lëtzebuerger Bauer”.

“De Lëtzebuerger Bauer ass net dat offiziellt Sproochrouer vun der Centrale paysanne. Och wann déi zwou Unitéite sech no stinn. De Lëtzebuerger Bauer gëtt vum Agromediaverlag erausbruecht.”De Charel Ferring fënnt esou e Kommentar vum Mann, deen Direkter vun der Bauerenzentral ass, trotzdeem onglécklech.

“Ech fannen et schlëmm, dass den Direkter vun enger landwirtschaftlecher Gewerkschaft, déi och drop hält, dass si déi gréisst Gewerkschaft ass, esou géint déi eege Landwirtschaft schéisst.”

D’Politik hätt d’Aktioun vun de Jongbauere positiv opgeholl, an och vun anere Gewerkschaften hätt een Zousproch kritt.

Eng offiziell Stellungnam vun der Bauerenzentral zu der Solidaritéitsaktioun vun de Jongbauere gëtt et net. De Vize-President Christian Wester seet, dass een alles anescht wéi frou doriwwer gewiescht wier.

Back to Top
CIM LOGO