Zwou Demonstratiounen an der StadSolidaritéitsmanifestatioun mat Hamas-Geiselen an Demonstratioun géint de Krich

RTL Lëtzebuerg
Wéinst dem Krich am Noen Oste goufen et e Samschdeg zwou Demonstratiounen an der Stad.
© Monica Camposeo / RTL

D’Organisatioun “Bring Them Home” huet eng Solidaritéitsmanifestatioun mat de Geiselen, déi an d’Gazasträif verschleeft goufen, organiséiert an d’EU, d’Lëtzebuerger an d’Israeelesch Regierung awer och ONGen opgefuerdert, Drock op d’Hamas ze maachen, fir d’Geiselen ouni Konditioune fräizeloossen.

Am Kader vun enger weiderer Manifestatioun hunn dann e puer honnert Leit géint de Krich a Gaza demonstréiert. Et wéilt een d’Politiker opfuerderen, hir Responsabilitéit wéinst der geplangter Buedemoffensiv zu Rafah z’iwwerhuelen, heescht et vum Organisateur “Comité pour une Paix Juste au Proche Orient”. Donieft gëtt gefuerdert, datt d’USA an europäesch Länner keng Waffe méi un Israel liwweren an datt et zu diplomateschen, ekonomeschen a politesche Sanktioune kënnt. Der Police no hunn eng 350 Leit un der Demonstratioun deelgeholl, déi friddlech a gutt organiséiert verlaf wier. D’Organisateure géinge vu 450 Participanten ausgoen.

Iwwerdeems fuerderen 170 Lëtzebuerger Kënschtler an engem oppene Bréif e Waffestëllstand an der Gazasträif. Wéi et an dësem heescht, géif Israel domat dreeën, zu Rafah eng ethnesch Säuberung duerchzeféieren. Lëtzebuerg misst en direkten a permanente Waffestëllstand fuerderen, Sanktioune géint de Staat Israel erloossen a Südafrika bei sengem Prozess géint Israel um Internationale Geriichtshaff ënnerstëtzen.

Back to Top
CIM LOGO