Um Sennenger SchlassSommet tëscht Regierung an Agrarsecteur en Donneschdeg

Maxime Gillen
Schonns am Etat de la Nation am Oktober d'lescht Joer hat de Premier dësen annoncéiert.
© Jeannot Ries

D’Regierung sëtzt deemno mat de Vertrieder aus dem Agrarsecteur beieneen, fir lescht Problemer an der Reform vum Agrargesetz aus der Welt ze schafen an Äntwerten op aktuell Defien ze sichen. Eréischt en Dënschdeg hat de Landwirtschaftsministère wësse gedoen, dass op fënnef wesentleche Punkte bei der Agrarreform wäert nogebessert ginn, beispillsweis bei den Hëllefe fir Investissementer.

Déi Aidë ginn der reeller Evolutioun vun de Präisser ugepasst, de Plaffong, fir an nei landwirtschaftlech Maschinnen z’investéieren, gëtt erop gesat. D’Lëscht vun de Maschinnen, déi fir eng Hëllef a Fro kommen, gëtt iwwerschafft an d’Hëllefe fir Investissementer, déi der Ëmwelt an dem Wuel vun de Béischten zegutt kommen, ginn och ugepasst.

Ginn déi Ännerungen der Bauerenallianz da wäit genuch? Doriwwer hu mer en Donneschdeg de Moien ëm 8.10 Auer mat hirem President geschwat. De Camille Schroeder war nämlech am Virfeld vum Agrarsommet eisen Invité vun der Redaktioun.

© Jeannot Ries

Ëmweltorganisatioune fuerdere méi laangfristeg Visioun fir d’Landwirtschaft

Wien en Donneschdeg zu Senneng allerdéngs net mat um Dësch sëtzt, sinn déi verschidden Ëmweltorganisatiounen. Dobäi wier d’Landwirtschaft immens enk mam Klima-, Biodiversitéits- a Verbraucherschutz verbonnen, esou hir Kritik. Allgemeng fuerdert een hei eng vill méi déifgräifend Diskussioun iwwert d’Zukunft vun der Landwirtschaft hei am Land.

26/01/2023 Reportage Ëmwelt vs Agrarsommet 12h30 -gillen- OK

Greenpeace Lëtzebuerg, de Mouvement écologique, Natur an Ëmwelt, SOS Faim an de CELL bedaueren, dass déi aktuell Politik am Beräich vun der Landwirtschaft erëm net grondsätzlech op de Leescht geholl gouf.

Et géif alt erëm op eng intensiv Mëllechwirtschaft gesat ginn, mat allen negativen Impakter, déi dat op d’Ëmwelt an och op d’Resilienz vun de Bauerebetriber huet, bedauert de Raymond Aendekerk vu Greenpeace Lëtzebuerg: “Et gëtt net genuch iwwer aner Alternativen diskutéiert an entwéckelt. Do ass einfach e grousse Manktem an der politescher Virgab, datt een do mol encouragéiert. An och datt een do d’Wëssenschaft an aner Institutioune mat abezitt fir aner Léisungen ze fannen.”

Och mat der Zivilgesellschaft géif net genuch geschwat ginn. An dat obschonn een u sech jo déi selwecht Ziler hätt, betount d’Blanche Weber vum Mouvement écologique: “Mir brauche Baueren, fir eis Kulturlandschaft z’erhalen. Mir brauche Bauere fir eis Liewensmëttel ze produzéieren. An d’Bauere soen och, mir brauche Klimaschutz, mir brauche Biodiversitéit. Am Ablack geet dat net iwwerteneen, geet dat net Hand an Hand. Mä et gëtt Léisungen an do misst een ech un en Dësch setzen.”

Dës Léisungen ze fannen, géif den aktuelle Kader vum Gesetz net zouloossen. An dee géif sech mat dësem Agrarsommet och net änneren, bedaueren d’Ëmweltorganisatiounen.

Back to Top
CIM LOGO