En Donneschdeg de Moie waren den Agrarsommet an d'Agrargesetz, d'Pandemie, de Krich an d'Dréchent Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

De Camille Schroeder, de President vun der Baueren Allianz, war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun a sot dass effektiv mëttlerweil scho villes gekläert wär, mee den Agrarsommet wier weiderhin néideg. Et missten ëmmer nach vill Detailfroe gekläert ginn, besonnesch am Bezuch op de Klima. Hie léisst dofir och de Reproche vun enger Alibi-Veranstaltung net gëllen. Bannent zwou Stonne solle siwen Theme mat iwwer 30 Leit diskutéiert ginn. Wann dat gutt preparéiert wier, da wier dat kee Problem, sou den Invité.

An et géingen nach vill Diskussiounen ustoen, well de Kader vun der Agrarreform géif zwar stoen, mee den Däiwel géif am Detail stiechen, also an de Reglementer. Zum Beispill wier gesot ginn, dass de Plaffong vun den Aidë soll eropgesat ginn, ma ëm wéi vill genee oder wéi eng Maschinnen iwwerhaapt a Fro komme fir Subventiounen, misst nach an den Aarbechtsgruppen diskutéiert ginn. Och d'Fro vun den Ammoniak-Reduktioune wier nach net am Detail geschwat ginn a besonnesch dat hat jo, am Kontext mat der Limitt vum Véibestand pro Betrib, fir grouss Onzefriddenheet bei de Bauere gesuergt. Och dat wier e Knackpunkt. Wéi vill däerf e Betrib wuessen? Wat geschitt mat de Familljebetriber? An dorunner gebonne wier och d'Fro vun der finanzieller Sécherheet.

RTL

"D'Baueren als solches sinn alleguerte gewëllt am Beräich vum Klima eppes ze maachen", sou de Camille Schroeder. Et misst ee just kucken, wéi een dat praktesch kéint ëmsetzen. E Betrib misst natierlech weider rentabel bleiwen, virun allem elo zu Zäiten, an deenen d'Käschten deels enorm geklomme sinn. 2022 hätt een, wei all déi aner Secteuren och, eng Käschtenexplosioun erlieft: d'Energiepräisser hätte sech quasi verduebelt, den Dünger hätt sech verdräifacht an d'Kärepräisser wieren an d'Luucht gaangen. Trotzdeem wier een derduerch komm, mee et misst een op de Mëllechpräis oppassen. Dee mécht aktuell ronn 40 Prozent vum Revenue vun de Lëtzebuerger Betriber aus a wann de Präis géing falen, da kéimen d'Baueren an d'Struewelen, sou de President vun der Baueren Allianz.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.