
Zu Lëtzebuerg gëllen déi nei Reegelen zanter dem 1. September zejoert, aktuell ginn awer nach keng Kontrolle gemaach, well en EU-Reglement nach an der Maach ass. Soubal dat a Kraaft trëtt, kann de Ministère kontrolléieren, wie konform mam Gesetz ass a wien net.
Wann een eng Wunneng oder Kummer via Airbnb verlount an dat méi wéi 90 Deeg am Joer mécht, muss een zanter dem 1. September hei am Land ënnert anerem Course maachen. Déi selwecht Coursen, déi een och muss maachen, fir e Café Restaurant oder Hotel opzemaachen. D’Frequentatioun vun deene Coursen hätt sech quasi verduebelt, seet de Gilles Scholtus vum Mëttelstandsministère. D’Formateuren hätten festgestallt, datt d’Leit méi spezifesch Froen hätten par rapport zu Airbnb a Co.
“Wat mer dann och wäerte maachen, fir datt den Informatiounsstand bei all den Operateuren dobaussen de beschten ass.”
Engersäits wéilt een d’Sharing Economy ënnerstëtzen, anersäits misst ee vun engem gewësse Moment u Reegelen en place setzen:
“Iergendwou kënnt een, wann ee vill méi Nuechte mécht - an eisem Fall 90 - ass et eng kommerziell Aktivitéit an da ginn et aner kommerziell Operateuren, déi vläicht mat anere Contrainten ze schaffen hunn, wollte mer et ausgläichen, datt wann et eng kommerziell Aktivitéit ass, et aner Reegele ginn.”
An Zukunft muss jiddereen, deen eppes op esou enger Plattform offréiert, eng Referenznummer kréien an déi och uginn. Doduerch wäert de Ministère dann e Feedback kréien, wéi vill Nuechten tatsächlech gebucht goufen:
“D’Nummer gëtt vum Ministère ausgeliwwert. An op der Plattform muss een uginn, wéi ee Bien ee mat wéi enger Nummer offréiert. An da kréie mir en contre-partie d’Statistiken a gesinn wéi vill Iwwernuechtungen iwwert iergend eng Plattform gemaach goufen.”
Nodeems d’Europaparlament lescht Woch den Text guttgeheescht huet, feelt nach den Accord vun den EU-Memberstaate fir de Gesetzesprojet, ma dat gëllt Observateuren no awer als Formsaach.
EU-Parlament a Memberlänner si sech eens: Méi streng Reegele fir Plattformen ewéi Airbnb