An Zukunft sollen an der EU méi streng Reegele fir Plattformen, iwwert déi Wunnengen an Zëmmer fir Vakanze verlount ginn, gëllen.

D'EU-Parlament an d'Memberstaaten hu sech dorop gëeenegt, dass d'Leit, déi iwwert déi Plattform Zëmmer, Wunnengen oder Haiser verlounen, verschidden Donnéeën iwwer hir Gäscht an iwwer d'Iwwernuechtunge mussen un déi zoustänneg National Ämter iwwermëttelen.

Weiderhin ass am Gesetz festgehalen, dass alleguer d'Zëmmeren, d'Wunnengen an d'Haiser, déi iwwer esou eng Plattform verlount ginn, eng EU-wäit Registréierungsnummer solle kréien. Ausserdeem sollen d'Plattformen Donnéeën zu den Iwwernuechtungen, déi all Mount iwwert si gebucht ginn, automatesch mussen un déi entspriechend national Autoritéite weiderginn.

Hannergrond vun der Reegel ass de Fait, dass vill europäesch Stied Reegelen hunn, laut deenen een eng Wunneng just fir e bestëmmten Zäitraum dierf un Touriste verlounen, wéier een dat Ganzt als Akommesquell umelle muss. Dat neit europäescht Gesetz soll et méi einfach maachen, ze iwwerpréiwen, wie sech un dës Reegel hält a wien net.

D'Gesetz soll no enger Iwwergangsfrist vun 2 Joer applizéiert ginn.