OGBL/LCGBSozial Ofsécherunge fir 79 Salariéë vu Mahle a Mahle-Behr

RTL Lëtzebuerg
D'Gewerkschaften OGBL an LCGB deele mat, datt bei de Firme Mahle a Mahle-Behr Sozialpläng finaliséiert goufen.

No haarden Negociatioune wiere fir déi 79 Salariéen eng Rei sozial Ofsécherungen festgehale ginn, Mesuren ewéi finanziell Indemnitéiten, Preretraiten, Formatiounen oder nach Transferte bannent dem Grupp.

Den Autozouliwwerer hat de leschte Mount ënner anerem annoncéiert, datt de Standuert Féiz zougemaach gëtt.

PDF: Sozialpläng bei Mahle / Mahle-Behr

Back to Top
CIM LOGO