Gewerkschaften vs UELSozialdialog ausgesat: Skandaléise Coup riicht sech géint Employéen a Regierung

Annick Goerens
De Boykott vun der Tripartite duerch d'Patronat ass eng irresponsabel an inakzeptabel Attack op de gesetzlech institutionaliséierte Sozialdialog.
UEL fir bilateral Gespréicher
Bilateral Gespréicher wieren awer einfach vill méi effikass, erkläert den UEL-President Nicolas Buck am RTL-Interview um Mëttwoch.

Dat schreiwen d'Gewerkschaften CGFP, LCGB an OGBL an engem gemeinsame Communiqué. Dëse skandaléise Coup géif sech net just géint Employéë riichten, ma och géint d'Regierung an hire Regierungsprogramm, an deem e méi staarke Sozialdialog virgesinn ass.

Déi dräi Gewerkschaften ënnersträichen, datt si et net akzeptéieren, datt déi gesetzlech verankert Verhandlungsrechter a Fro gestallt ginn.

Si hunn dofir decidéiert, eng dringend Entrevue mat der Regierung unzefroen, fir hir am Detail d'Positioun vun de Gewerkschafte kënnen z'erklären an de 14. November ass eng éischt grouss Protestaktioun géint d'Attack vum Patronat a fir e fortschrëttlecht Aarbechtsrecht.

PDF Schreiwes OGBL-LCGB-CGFP

Back to Top
CIM LOGO