An der Deklaratioun zur Lag vun der Natioun huet de Premier Frieden ee Paradigmewiessel ugekënnegt an der Manéier wéi d‘Hëllefen, besonnesch och fir sozial schwaach Leit, traitéiert ginn.
A bei där Aarmutsbekämpfung muss besonnesch den Accent op de Volet Wunne geluecht ginn, sot de Premier. Et géif net ëm méi Hëllefe goen, mä em Hëllefen, déi och ukommen, esou de Luc Frieden.
“Bei der ‘subvention de loyer'– grad do, wou d’Hëllef haut am néidegsten ass – kréien zum Beispill dräi Véierel
vun den eligibele Leit d’Suen net. Oft fänkt de Probleem schonn domat un, dass d’Leit net wëssen, wat fir Hëllefen hinnen zur Verfügung stinn.”
All d’Informatiounen, zum Beispill ob een a Fro kënnt fir eng staatlech Hëllef an och d’Dokumenter, déi de Staat schonn huet, musse vun der Administratioun selwer zesummegedroe ginn, esou de Luc Frieden. Et soll kee sech am administrativen Dschungel verlafen.
Eng Approche, déi gutt um Terrain ukënnt, a fir déi d’Acteuren am Soziale mat agebonne goufen. D’Carole Reckinger vun der Caritas:
“Dat ass eppes, wou vill Acteure scho ganz laang gefuerdert hunn, wou mir wierklech an engem Dschungel sinn, wou kee méi eens gëtt. Wann dat elo esou ëmgesat gëtt, wéi et ugekënnegt ass, da wäert dat wierklech een Ënnerscheed maache fir d’Leit, déi et wierklech brauchen. Natierlech ass et net d’Revolutioun, wou d’Aarmutsbekämpfung wäert een absolutte Succès sinn, wou mer dono mat Null Prozent do stinn, mä et ass ee gudden éischte Schratt.”
Et setzt een elo grouss Hoffnung op ee globale Plang, fir géint d’Aarmut virzegoen a bei deem ee beim Ausschaffen nach emol mat agebonne gëtt. Am Secteur setzt een och Hoffnung dran, dass d’Sozialaarbechter mat der ugekënnegter Simplification administrative nees méi Zäit hu fir hir Käraarbecht.
Kritik um sougenannte “Once-only"-Prinzip kënnt vun der Staatsbeamtegewerkschaft. D’CGFP zweiwelt drun, dass dat mat der geplangter regressiver Astellungspolitik beim Staat ze maachen ass.