Neijoerschreceptioun vun der Chambre des salariésSozialwalen, sozial Ongläichheeten, Logement an Digitaliséierung

Claudia Kollwelter
Sozial Ongläichheeten, Handlungsbedarf am Logement an d'Sozialwale waren en Donneschdeg Sujeten op der Neijoerschreceptioun vun der Chambre des salariés.

De President Jean-Claude Reding huet am Kader vun de Walen en Appell lancéiert, datt d'Leit Gebrauch vun hirem Walrecht maachen. Hien huet a senger Ried awer och eng Partie Froen an Erausfuerderungen ugeschwat.

Chambre des salariés/Reportage Claudia Kollwelter

Virop d'Erausfuerderungen, deenen Europa sech momentan stelle muss, engersäits der ekologescher Transitioun, mee och de sozialen Inegalitéiten. De Jean-Claude Reding mécht sech Suergen ëm d'Onzefriddenheet, déi sech an der EU breet mécht. Et wier een nämlech grondsätzlech fir den europäesche Projet an et wéilt een dass dee sech weider géing entwéckelen, ma et géing ee fäerten, dass d'Europawale genotzt ginn, fir d'Onzefriddenheet vun der nationaler Politik auszedrécken. Et wéilt een neien Elan, fir méi e soziaalt Europa ze kréien.

En europawäite Mindestloun, d'Upasse vu Léin a Pensiounen un d'Präisentwécklung wiere Moyenen, fir ze intervenéieren. De President vun der Chambre des salariés huet betount, datt d'Staatsfinanzen zu Lëtzebuerg zwar éischter positiv waren déi lescht Joren. Wat de soziale Plang ugeet, géing d'Situatioun allerdéngs anescht ausgesinn: d'Inegalitéite wiere weider geklommen an dofir dierft et zu kengem Fall zu Leeschtungsverschlechterunge bei de Pensiounen, der Fleegeversécherung, de Prestations familiales an am Gesondheets- a Bildungswiese kommen. Au contraire, et wieren iwwerall nach Verbesserungen an engem insgesamt gudde soziale System ze maachen. De finanzielle Spillraum, deen een hätt, soll dofir benotzt ginn.

Iwwert d'Finanzement goung et och, wat de Logement betrëfft, wou et dem Jean-Claude Reding no un der Zäit ass, a soziale Wunnengsbau ze investéieren. Et wier kee Geheimnis, dass een am Moment immens Reserven hätt, déi ee benotze kéint, fir an d'Steng ze investéieren, déi fréier oder spéider de Lëtzebuerger géingen ze gutt kommen.

De President vun der Chambre des salariés huet op en Neits ënnerstrach, datt et inakzeptabel ass, datt Lëtzebuerg an der EU op enger vun den éischte Plaze steet, wat de Prozentsaz vun de sougenannte "Working poor" ugeet. Eng strukturell Erhéijung vum Mindestloun wier dowéinst onëmgänglech.

Och d'Digitaliséierung an hir Vir- an Nodeeler waren en Donneschdeg Sujet op der Neijoerschreceptioun vun der Chambre des salariés. A senger Ried huet de President Jean-Claude Reding betount, datt an deem Kontext d'berufflech Weiderbildung eng zentral Roll anhëlt. All d'Salariéeën, aus all de Secteure missten d'Méiglechkeet hunn, Formatiounen ze maachen. Fir dat ze erméiglechen, misst een awer och déi néideg Moyenen hunn. An deem Kader hätt d'Salariatschamber scho virun 3 Joer Propositiounen ausgeschafft. Vu Säite vun de politesche Responsabele géing een allerdéngs nach bis haut op eng Reaktioun waarden. De Jean-Claude Reding huet dofir en Donneschdeg nach emol widderholl, wat si proposéieren: e Recht op liewenslaangt Léieren, en individuellt Recht op Qualifikatioun an Orientatioun, e konsequent Eropsetze vun der Dauer vum aktuelle Congé individuel de formation an e gerechte Finanzéierungsmodeel, wéi een dat Ganz da finanzéiert. Déi éischt dräi Saache géingen zum Deel esou am Koalitiounsaccord drastoen, den Finanzéierungsmodell awer net.

De Jean-Claude Reding vun der Chambre des salariés

De Jean-Claude Reding huet ënnerstrach, datt an de leschte 5 Joer ronn 50.000 Leit un de Formatiounen, déi d'Chambre des salariés ubitt, deelgeholl hunn an dofir huet een och decidéiert, dëst Joer Formatioune fir Senioren an 2 nei universitär Formatiounen zousätzlech zu hirem Programm unzebidden.

Back to Top
CIM LOGO