Cour des comptesSpezialrapport iwwert de Finanzement vum Enseignement musical

Dany Rasqué
De Rapport weist op e gréissere Problem hin, deen et net eréischt zënter gëschter gëtt.
Spezialrapport Finanzement vum Enseignement musical
De Rapport weist op e gréissere Problem hin, deen et net eréischt zënter gëschter gëtt.

D'Cour des comptes huet e Spezialrapport iwwert de Finanzement vum Enseignement musical gemaach an dee Rapport gouf e Méindeg de Mëtteg an der parlamentarescher Budgetskontrollkommissioun diskutéiert.

D'Deputéiert sinn sech eens, datt dat e gudden Exercice war, en vue vum Museksunterrecht, dee fir d'Kanner soll gratis ginn, de Rapport weist awer och op e gréissere Problem hin, deen et net eréischt zënter gëschter gëtt. De Staat rembourséiert de Gemengen en Deel vun de Personalkäschten.

Fir d'Joer 2016 war e Montant vu 26,7 Milliounen am Staatsbudget virgesinn. Suen déi zu där enger Halschent iwwert de Kulturministère lafen, zu där anerer Halschent iwwert den Inneministère. Wéi eng Zomm déi verschidde Gemenge rembourséiert kréien, do läit an dësem Fall d'Kromm an der Heck. D'Djuna Bernard vun déi Gréng weist drop hin, datt et den Ament e Gesetzestext an e groussherzoglecht Reglement gëtt, all Kéiers mat enger anerer Berechnungsmethod.

De Sven Clement vun de Pirate präziséiert, datt dat mat sech bréngt, datt déi eng Gemengen ze vill Sue kréien, anerer ze wéineg.

Huele mer zwee konkret Beispiller aus dem Rapport:

De Conservatoire 2, wéi en do genannt gëtt, hat 2015/2016 Personalkäschte vun 13,4 Milliounen Euro.

Op Basis vum groussherzogleche Reglement vun 1999 kritt déi betraffe Gemeng e Subside vu 6,5 Milliounen. Dat sinn 48,7 Prozent vun de Käschten. Dem Gesetz vun 1998 no hätt déi Gemeng awer 52,4 Prozent ze gutt, dat heescht an dësem Fall huet se 502.000 Euro ze mann kritt. Eng aner Gemeng, mat enger Museksschoul - am Rapport heescht se Ecole de musique 2 huet duerch dës Berechnungsmethode 430.000 Euro ze vill kritt.

Fir d'Presidentin vun der parlamentarescher Budgetskontrollkommissioun, d'CSV Deputéiert Diane Adehm ass kloer, datt hei elo d'Regierung sech muss de Kapp zerbriechen, fir deen do Problem geléist ze kréien.

Am Rapport gëtt et iwwregens och eng Prise de Positioun vum Inneministère a vum Kulturministère. An där vum Kulturministère heescht et datt dat do schonn zënter Jore gewosst ass an datt dru geschafft gëtt. Ma et wier schwiereg, well et hätt een et mat enger komplexer Matière a ville Partner ze dinn.

Back to Top
CIM LOGO