
Allerhellege gëllt als en Dag vun der Besënnlechkeet an der Rou, un deem een un déi Verstuerwen denkt, vläicht an d‘Mass an duerno op de Kierfecht geet. Anerer ware vläicht den Owend virdrun op enger Halloween-Party ënnerwee a schlofe gemittlech an de Feierdag eran.
Dat dierft och de Plang vun de ronn 230 Néngser gewiescht sinn, ma déi Rou gouf den 1. November géint 10 Auer op d‘Kopp geheit. Spezialunitéite vun der Police kommen am Duerf bei der “Résidence du Lac” un, kuerz drop kënnt kee méi ran oder raus. Eng 10 bis 15 Gefierer wieren op der Plaz gewiescht, mat schwaarz getéinte Scheiwen, donieft och eng Ambulanz.
“Et war ewéi am Film”, zielt een Noper, deen direkt op d‘Residence gesäit. “Mir koume géint 10.30 Auer heem vum Kierfecht, an du stounge se schonn hei, se ware vermummt an haten d‘Mitrailletten dobäi. Bemol hu meng Kanner ugefaangen ze fäerten, an du si mir nees an den Auto a fort.”
D’Famill dierft Chance gehat hunn, e bësse méi spéit war d’Duerf zougesat a ronderëm d’Residence e Sécherheetsperimeter opgeriicht.

“Mir hate wierklech Angscht, wéi d‘Police hei opgetaucht ass. Mir duechten am Ufank et wier Militär, an et huet keen eis gesot, wat hei lass ass. Ech hu mech dunn an d‘Buedzëmmer agespaart. Et hat een d‘Impressioun, et wier en Terrorist am Haus”, erzielt eng Nopesch an der Residence. Hir geet den Asaz nach ëmmer no, si ass rosen, dass d‘Police net mat de Leit geschwat huet, och nom Asaz net.
Ausléiser vum Asaz war wuel en Noper, dee schonn zanter méi laangem opfälleg war an, wann een den aneren Noperen nolauschtert, psychesch Problemer hat. D’Stëmmung géint de jonke Mann wier allgemeng gereizt gewiescht, en aneren Noper hätt hie souguer schonn d’Trap erofgestouss. Ëmmer nees wier de Mann fir e puer méint an der Psychiatrie gewiescht. “Hien hat scho méi dacks esou Attacken, dann huet hie gejaut an et huet och mol geknuppt. Gëschter Moien (op Allerhellegen) ass et Moies nees lassgaangen, seng Mamm ass komm, an et gouf Gejäiz a Geknupps. Wien d‘Police geruff huet a firwat déi mat esou vill Mann ugetruede sinn, weess ech net. Fir een aus der Wunneng ze huelen, dat hätte se dach sécher och méi roueg maache kënnen. Si hu mat enger Blendgranat geschoss, an et gouf och richteg geschoss. Et war immense Kaméidi, ech hat wierklech Angscht. A lo wësse mir nach net, wat do lass war! Ewéi ech dunn ee Polizist erwëscht hunn a gefrot hu, krut ech just als Äntwert: Elo ass alles an der Rei. Dunn hunn ech geduecht, déi hunn dee Mann erschoss.”
“Menger Meenung no war deen Asaz total iwwerdriwwen, dat war en aarme Geescht. Ween och ëmmer do d‘Police geruff huet, huet warscheinlech iwwerdriwwen, well deen Noper ass jo scho méi dacks opgefall”, zielt eng aner Nopesch. Si war selwer den Dag net am Duerf, huet dat ganzt awer iwwert eng Facebook-Grupp matkritt.

An där Grupp si séier Fotoen a Spekulatiounen zirkuléiert: War et eng Selbstmord-Tentative oder eng Geiselnam? Iwwert dee Kanal gesäit eng aner Koppel dann och, dass sech bei hinnen am Gaart e Scharfschütze mat enger Mitraillette postéiert huet, deen d‘Residence du Lac am Viséier huet. “Wéi mir heem koumen, waren se du schonn nees fort, mee duerch d‘Grupp krute mir mat, dass hei kee méi an d‘Strooss koum, well se och hei alles zougesat haten. Et war bal wéi am Krich.”
“Ech froe mech wierklech, wat se da bis maachen, wann emol wierklech en Terrorist an engem Appartement sëtzt. Dee ganzen Opwand, just fir dee Mann matzehuelen?”, wonnert sech eng Fra, déi och an der Cité wunnt. “Ech hat gemengt, dat wier eng Militärübung, mee dunn hunn ech gesinn, dass se um Réck ‘Police’ stoen haten”, esou eng aner Fra. Du war eis kloer, dat do ass keng Übung. Den Néngser bleift soss näischt, ewéi sech ze wonneren, wat et mat der massiver Taskforce um Feierdag op sech hat. D’Police an de Parquet hunn op Nofro kéng weider Detailer wëlle public maachen.
