Energiekris entgéintwierken"Spierbar" Hëllefe bis an d'Mëttelschicht a séier en Tripartite-Accord fannen

RTL Lëtzebuerg
Éischt Reunioune fir eng weider Tripartite si fir den 18., 19. an 20. September ugesat.
Energiekris entgéintwierken
E Freideg koum de Regierungsrot beieneen. De Premier Xavier Bettel an den Energieminister Claude Turmes hunn dono de Public iwwert d’Aarbechten informéiert.

E Freideg koum de Regierungsrot beieneen. De Premierminister Xavier Bettel an den Energieminister Claude Turmes hunn dono de Public iwwert d’Aarbechten informéiert.

D’Regierung huet “spierbar” Hëllefsmesüre versprach, fir de Leit bis an d’Mëttelschicht eran an de Betriber, déi ënnert der Hausse vun den Energiepräisser leiden, ze hëllefen. De Premier Xavier Bettel huet nom Regierungsrot e Freideg annoncéiert, datt no de getrennten Entrevuë vum 14. September mat de Gewerkschaften an dem Patronat eng Tripartite fir den 18., 19. an 20. September aberuff gëtt. Op d’Fro, ob dat duergeet, fir am Oktober schonn ze hëllefen? Dozou sot de Xavier Bettel, hie kéint net méi “rapid” maachen ewéi direkt puer Deeg no den nächsten Entrevuen eng Tripartite unzefänken. Hie sot, hie wier “frou”, wann “sou séier ewéi méiglech” en Accord géing fonnt ginn.

Gëtt déi nächst Indextranche, déi viraussiichtlech nach virum Enn vum Joer erfält, och verréckelt? De Premier sot heizou, et wier ganz schwéier, net nëmme politesch, mee och sozial a mënschlech de Leit ze soen, datt iwwerdeems alles méi deier gëtt, den Index “null Applikatioun” géing fannen. Et misst een den Equiliber fannen tëscht 1) de Leit hëllefen an 2) Aarbechtsplaze preservéieren. Wat Detailer ugeet, wollt hie sech net an d’Kaarte kucke loossen. Doriwwer schwätzen, géing - a sengen Aen - d’Verhandlunge riskéieren, just méi komplizéiert ze maachen.

Prioritéit wieren aktuell d’Energiepräisser, mee och d’Energieversuergung. Wat de Gas ugeet, do gi Reserven opgebaut. Den Energieminister Claude Turmes hofft, datt déi Plattformen, fir an der EU gemeinsam Gas ze kafen, nach optimiséiert ginn, an hien zielt natierlech och op d’Spuer-Efforten. Hie presentéiert jo d’nächst Woch e Spuerplang, deen an enger éischter Phas fräiwëlleg wäert sinn.

Nieft dem Gas ass elo de Stroum dat neit Suergekand, well dee Präis och vum Gas ofhänkt. Am Virfeld vum informelle Conseil vun den Energieministeren nächste Freideg sot d’Lëtzebuerger Regierung, se ënnerstëtzt d’Iddi vun enger Iwwergewënnsteier an d’Pläng vun der EU-Kommissioun, fir Präisser vu gewëssene Stroumproduzenten, déi net mat Gas fueren, ze deckelen. Anerersäits dierf dat net d’Energieversuergung a Fro stellen. Well de Claude Turmes huet erkläert, datt schlecht koordinéiert Präisdeckelen dozou féiere kënnen, datt méi Stroum an engem Land opkaaft gëtt an dat Land da refuséiert, Stroum ze verkafen.

Op d’Fro, ob een net soll d’Transitioun op Elektroautoe bremsen, dozou sot de Claude Turmes, et wier eng “Fangfro”. Wéinst dem Klimawandel, deem seng Konsequenze mat der Katastroph am Pakistan gutt illustréiert wier, misst een ebe grad elo d’Energietransitioun acceleréieren.

De Pressebriefing am Replay

“Hätt och kee solle reagéieren, wéi mir eng Kéier vun engem groussen Noper attackéiert gi waren?”

Ugeschwat op d’Aussoe vum Fernand Kartheiser en Donneschdeg hei op RTL, waren de Xavier Bettel an de Claude Turmes iwwerdeems schockéiert. Den ADR-Deputéierte sot jo, datt d’Regierung an d’EU wéinst de Sanktioune géint Russland fir d’Hausse vun den Energiepräisser verantwortlech wieren. De Premier huet puer Sekonne gebraucht, fir ze äntweren an huet du gefrot: “Hätt een einfach sollen nokucken, wann e gréisseren Noper e Land attackéiert? Hätt och kee solle reagéieren, wéi mir eng Kéier vun engem groussen Noper attackéiert gi waren?”

Mat Sanktioune géing ee probéieren, en Afloss ze hunn. Ob se erfollegräich sinn oder net, wier hien houfreg, datt d’europäesch Unioun Wäerter ewéi Demokratie a Fräiheet géing ënnerstëtzen. “Ech si frou, datt Leit, déi net emol Noper vun eis waren, am Zweete Weltkrich eis befreie komm sinn”, sou nach de Xavier Bettel. De Claude Turmes, dee sot, et wéisst een elo, wou de Fernand Kartheiser géing politesch stoen, nämlech op der selwechter Positioun ewéi d’AfD, d’Marine Le Pen oder nach verschidde Leit an Italien.

Xavier Bettel reagéiert op Ausso vum Fernand Kartheiser

Invité vun der Redaktioun (2. September) - Claude Turmes: Cibléiert Hëllefe bis an d’Mëttelschicht

Back to Top
CIM LOGO