"Et ass e bëssen e Paradigmewiëssel an der Virgoensweis fir de Wunn-Problem am Land an de Grëff ze kréien". Dat sot um Dënschdeg de Moien déi nei Logementsministesch Sam Tanson als eis Invitée vun der Redaktioun.
De Staat an d’Gemenge wäerten verstäerkt selwer bauen an méi am Beräich vum Locatif ubidden.
Méi Offer ze proposéieren wier iewescht Prioritéit, dat awer ebe manner um Privatmarché, mä et wëll een d’Energie als Staat konzentréieren, fir zesumme mat de Gemengen Terrainen ze kréien an ze bauen. Dat virun allem fir déi Leit, déi sech et um normale Marché net leeschte kënnen, eppes ze kafen, respektiv ze lounen.
Déi Initiativ kéint dem Sam Tanson no dann awer och präislech Repercussiounen op de Privatmarché hunn.
Am Regierungsprogramm ass jo en neie Fong virgesinn, deen am Logementsministère wäert ugesidelt sinn, fir Terrainen ze kafen. Verkeeft een dann en disponibelen Terrain un de Staat, ass en op der Plus-value steierfräi.
Et wéilt een deemno op de Wee goen, fir bezuelbare Loyer unzebidden, ouni dass et onbedéngt misste Sozialwunnengen sinn.
Dofir wéilt een iwwert verschidde Modeller vun der Locatioun nodenken, wou de Präis un de Revenue, an un d’Gréisst vun de Stéit ugepasst ka ginn.
Si ass eent vun den neie Gesiichter an der Regierung. D'Sam Tanson iwwerhëlt d'Ressorte Logement a Kultur.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.