
D‘Lëtzebuerger Wirtschaft ass resilient, d‘Reprise läit dëst Joer bei 7 Prozent, d‘Staatsfinanze sinn zolidd, nawell hänkt villes vum weidere Verlaf vun der Pandemie of. Sou kann ee graff d‘Analyse vum Statec resuméieren, deen en Donneschdeg déi nei Note de conjoncture presentéiert huet.
An de meeschte Secteuren hunn d‘Aktivitéiten trotz Corona weider gedréit. D‘Finanz-Zerwisser profitéiere vun enger staarker Aktivitéit op de Bourssen. Bei den net finanziellen Zerwisser sinn d‘Perspektive favorabel, e bëssen e Suergekand bleift awer den Horeca-Beräich, sou de Bastien Larue.
D‘Confiance zu Lëtzebuerg bleift héich, trotz Schwieregkeeten an de Liwwerketten. Un der Demande géing et op alle Fall net leien. Eng ganz positiv Iwwerraschung wieren d‘Staatsfinanzen, déi sech méi séier erholl hätten, wéi erwaart. Déi staatlech Hëllefsmesüren hätte bewierkt, datt vill Betriber solvabel bliwwe sinn.
Wéi geet et weider? De Statec zeechent do dräi Zenarien: en zentralen, en negativen an e positiven. De Statec geet elo emol vum zentralen Zenario aus, sou den Tom Haas.
Bei dësem zentralen Zenario gëtt fir dat anert Joer e Wuesstem vun 3,5 Prozent viraus gesot. Beim Emploi léich d‘Croissance bei knapp 3 Prozent. De Chômage soll weider liicht erofgoen.
Héich Gaspräisser setzen d‘Tariffer fir d‘Elektrescht ënner Drock an och d‘allgemeng Inflatioun bleift eis 2022 nach erhalen, mengt de Statec. Eng nächst Indextranche kéint am véierten Trimester 2022 erfalen.
Déi grouss Gefor bleift de Covid: héich Infektiounszuelen, nei Varianten an nei Moossname kéinten am neie Joer op d‘Aktivitéit drécken, sou nach de Statec-Direkter Serge Allegrezza, fir dee Lëtzebuerg ënner anerem sou gutt duerch d‘Kris koum, well den Teletravail gutt geklappt huet.
Fannt hei déi komplett Note de conjoncture vum Statec an hei de Communiqué vum Statec.