
D’Regierung hat dat geplangten Heescheverbuet an der Stad gestoppt. Géint déi Decisioun leet de Stater Gemengerot elo Recours an.
E Recours, dee vun der Oppositioun op en Neits zolidd kritiséiert gouf. Virop huet den LSAP-Conseiller Tom Krieps déi moralesch Iwwerhieflechkeet vun der Majoritéit kritiséiert.
“Wie si mir heibanne ronderëm deen Dësch hei, wou ech gläich net méi dozou gehéieren, déi, déi sech kënnen déi moralesch Autoritéit ginn, fir ze soen, dat ass elo verbueden, mir wëllen dat net méi an eiser Stad? Dat géif ech gäre wëssen, wien eis déi moralesch Autoritéit gëtt? Wien ass dee Standpunkt gëtt, fir erofzekucken op deen an ze soen, du hues elo hei net méi op dësem Trottoir ze sëtze mat dengem Hutt oder do Suen ze sammele mat dengem Mc-Donalds-Becher.
Juristesch gesinn hunn d’Membere vun der Oppositioun d’Bedenke vun der Ministesch Taina Bofferding gedeelt. Am Géigesaz natierlech zu der blo-schwaarzer Majoritéit, déi d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer betount.
“Mir kontestéieren déi Manéier an Argumenter, déi d’Madamm Minister gebraucht huet, an et ass elo un de Geriichter, fir dann ebe festzehalen, wéi si déi rechtlech Basis vun deem gesinn. Dofir wëll ech och elo net all déi Argumenter nach eng Kéier huelen. Dat wäert eisen Affekot en long et en large maachen an ech hunn do all Vertrauen, datt dat ganz gutt wäert virbruecht ginn.”
De Recours ass mat de Stëmme vun der Majoritéit ugeholl ginn.