Invité vun der Redaktioun (16. Juni) - Serge WilmesStad Lëtzebuerg "oppe" fir Spekulatiounssteieren, mä wëll dat net eleng maachen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie war de Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg eisen Invité vun der Redaktioun.
Radio - Invité vun der Redaktioun: Serge Wilmes
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Kee Stater Schäfferot hätt esouvill gemaach, fir bezuelbare Wunnraum ze schafen. Dat sot den CSV Deputéierten an éischte Stater Schäffen, de Serge Wilmes en Dënschdeg de Moien hei op RTL.

Do wou d'Stad Gebaier an Terrainen huet, wéilt d'Gemeng Wunnraum schafen. An do géing och op eng anstänneg Mixitéit gesat ginn.

De Serge Wilmes huet awer och kritiséiert, datt en Urteel vum Verwaltungsgeriicht géint d’Virkafsrecht vum Fonds du Logement, vun der Inneministesch einfach weider och op d’Gemengen applizéiert gouf. Dat géing d'Gemeng bei hire Beméiungen Wunnraum ze schafen ausbremsen.

D'Regierung wier dann och gefuerdert, fir zum Beispill mat steierleche Moyenen, géint déi iwwerdriwwen Immobiliespekulatioun virzegoen. D'Stad Lëtzebuerg wier oppen dofir, mä wéilt dat net eleng maachen.

Den Handel an der Stad soll och dann weider Hëllefen wéinst der Corona-Kris kréien, huet de Serge Wilmes en Dënschdeg de Moien annoncéiert. Rieds geet vun enger direkter finanzieller Hëllef iwwer dausend Euro. E Freide soll een am Stater Gemengerot méi gewuer ginn.

En Dënschdeg de Moie war de Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO