7 nei PetitiounenStagë remuneréieren, Entschiedegung fir Télétravail a géint Petitiounswan

RTL Lëtzebuerg
Zanter dem Weekend ginn et 7 nei ëffentlech Petitiounen, déi een online ënnerschreiwe kann.
© RTL Grafik Archivbild

D’Petitioune musse bis de 19. Abrëll op d’mannst 4.500 Ënnerschrëfte beienee kréien, fir dass et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber kënnt.

Ënnert anerem gëtt gefuerdert, dass Schüler déi e Stage maachen, deen och zu 100% bezuelt kréien.

Salariéen, déi keng Méiglechkeet op Télétravail hunn, missten eng Entschiedegung ze gutt hunn.

De Montant vun de Chèques-service soll gehéicht ginn an et gëtt nach eng Petitioun géint den “absolut iwwerdriwwene konstante Wan no neie Petitiounen”.

Detailer ginn et wéi gewinnt um Chambersitte petitiounen.lu.

Back to Top
CIM LOGO