Fir dem Grand-Duc Jean nach eng lescht Éier ze erweisen, waren d'Bridder an d’Schwëstere vun der FNEL an den LGS e Samschdeg an der Stad fir ee Stärentour zesumme komm. Zesumme si si an d'Péitruss gaangen, fir eng grouss "Châine des adieux" ze maachen. Duerno stoungen och nach eng 250 Guiden a Scoute Spaléier, wéi de Sarg vum Palais an d'Kathedral gedroe ginn ass.
Eemol Scout, ëmmer Scout. Dat war och dem Grand Duc Jean seng Devise. Bal 75 Joer laang war hie Chefscout vun der Lëtzebuerger Scoutsbeweegung. Op sengem Begriefnis de Samschdeg waren dunn och ronn 1.000 do an hunn him eng leschte Kéier Äddi gesot.
Nach virum offizielle Cortège sinn si op e sougenannte Stärentour an d'Stad komm. Vun dräi verschidde Plaze sinn si bei d'Gëlle Fra getrëppelt. Duerno haten nach 240 Scouten d'Éier, zesumme mat der Arméi Spaléier ze stoen. Wéi hunn si dësen emotionalen Dag erlieft? An wei eng Bedeitung hat de Grand Duc fir d' Lëtzebuerger Scouten? RTL huet si op hirem Marsch begleet.
Communiqué de presse
Besonnesch Aktivitéite fir dem Chefscout ze gedenken
Mam Dout vum Grand-Duc Jean ass net nëmmen en aussergewéinleche Mënsch vun eis gaangen, mee och eise Chefscout. D’Scoute vu Lëtzebuerg, d’FNEL an d’LGS wëllen him eng lescht grouss Éier erweisen an hunn e puer besonnesch Aktivitéite geplangt fir him Äddi ze soen.
Garde d’honneur
Mëttwochs, den 1. Mee hunn d’Comités fédéraux vun der FNEL an den LGS eng Garde d'honneur vun 10 bis 19 Auer am Palais gehalen.
Stärentour
Fir Samschdes de 4. Mee organiséieren d’Bridder an d’Schwëstere vun der FNEL an den LGS e Stärentour. Hei sinn all Scouten, kleng, grouss, jonk, al, aktiv Member oder Amicale, invitéiert fir matzemaachen an dem Chefscout déi lescht Éier z’erweisen.
Si treffen sech op 3 Plazen: Luxexpo - 07h00, Houwald - 07h15 a Bouillon - 07h45. Vun do aus trëppele si zesummen an d’Péitruss fir eng grouss Chaîne des adieux ze maachen. Si wäerten do och d’Lidd « Ce n’est qu’un au revoir » sangen. Duerno gi si zesumme bei de Cortège. Do wäerten eng 250 Guiden a Scouten Spaléier stoen, wann de Sarg vum Palais an d'Kathedrale gedroe gëtt. Weider 30 Guiden a Scouten wäerten vum Parvis vun der Kathedral bis an d‘Krypta um Schluss vun der Mass Spaléier stoen .