
De Serge Allegrezza hält 2024 als Direkter vum Statec op. Dat schreift e Freideg d’Lëtzebuerger Land. “Iergendwa muss ech e Stréch zéien”, gëtt hien an der Zeitung zitéiert. Hie wëll weider schaffen, mä muss sech, wéi e selwer seet, en neien Job sichen an engem anere Beräich.
De Statec plënnert och vum Kierchbierg op de Belval. Dat wär e gudde Moment fir opzehalen, esou de Serge Allegrezza. Intern huet d’Sich no engem Nofollger schonn ugefaangen.