
Sou steet et an engem Communiqué vum Landesverband um Mëttwoch de Moien.
D’FNCTTFEL hätt eng Entrevue mam Schäfferot ugefrot gehat, déi net accordéiert gi wier, ass ze liesen.
Et wier drëms gaangen, fir bestoend Problemer ze diskutéieren, wéi eng Onzefriddenheet beim Personal, wat ëmmer méi grouss géif ginn, oder verschidden ongeléiste Chantieren an eenzele Verwaltungen.
De Schäfferot géif kee Gespréichsbedarf gesinn. Grouss Bauprojete géife prioritär behandelt ginn, wougéint Personal-Dossiere just zweetrangeg géifen erschéngen, beklot sech de Landesverband, deen noutfalls aner Mëttele wëll notzen, dass hir Argumenter gehéier an der Stater Märei fannen.
