Spezialrapport vun der Cour des ComptesSteierzueler net betraff, seriö Gestioun wier néideg

RTL Lëtzebuerg
"Der Berg gebar eine Maus!" sot den Étienne Schneider no enger gemeinsamer Sëtzung vun de Chamberkommissioune vun der Santé a vun der Budgetskontroll.
© AFP

Et war eng e bësse méi speziell Sëtzung, en Dënschdeg de Moien, vun de Chamberkommissioune vun der Budgetskontroll a vun der Santé, an där sech mam Spezialrapport vun der Cour des Comptes iwwert de Finanzement vu Spidolsinvestitioune befaasst gouf. Speziell an deem Sënn, well um Ufank vun der Reunioun ënnert anerem den Ex-Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo (als President vun der Gesondheetskommissioun) an d'Diane Adehm (als Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun) aus Befaangenheetsgrënn de Sall verlooss hunn. Dono gouf sech du mam Rapport selwer beschäftegt.

Den Etienne Schneider sot no der Sëtzung, dass keng Suen ausbezuelt goufen, déi net geschëlt waren, an dass all Euro kontrolléiert gouf. Et wär awer richteg, dass dat eent oder anert Dokument (wéi z.B. Dekonten) gefeelt huet, et géif een do allerdéngs vu Problemer schwätzen, déi ze reegele wären, wann ee sech anescht opstelle géif. Dofir hätt hien am Dezember schonn e Poste vun engem Architekt-Ingenieur ugefrot, deen haut attribuéiert gi wär, an et sollt een Experte vu bausse fir d'Kontroll vu Projeten erbäizéien, sou de Gesondheetsminister. Hie gesäit heiranner op alle Fall kee Skandal. Et wiere just administrativ Virgäng gewiescht, déi net 100% korrekt ofgelaf sinn. De Steierzueler hätt hei keen Euro méi missten ausginn, et wier och dat wat an deem Fall wichteg wier.

Den Etienne Schneider iwwert de Spezialrapport

De Claude Wiseler huet de Problem ganz anescht gesinn. Hie wär beim Liese vum Rapport relativ erschreckt gewiescht iwwert déi grouss Zuel vun Onreegelméissegkeeten an Onzoulänglechkeeten, iwwer Joren am Ministère. Déi misst een opschaffen, huet den CSV-Deputéierte gemengt. De Minister géif probéieren, de Problem erofzespillen, dobäi hätte Kontrollen am Ministère net fonctionnéiert, wéi se sollten. Mat enger 3. Persoun, deem zougestanenen Architekt-Ingenieur, géif et net duergoen. Villméi wär eng seriö Gestioun néideg. D'Cour des Comptes hätt hei eng gutt Aarbecht geleescht. Et géifen hei op 50 Säiten eng ganz Partie u Problemer ginn, déi et elo heescht opzeschaffen an och absolut evident sinn. Et kéint net sinn, dass zënter 10-15 Joer gesot gëtt, et misst e neit Reglement gemaach ginn an de Minister géif dorobber äntweren, dass dat elo géif gemaach ginn. Dat geet dem Claude Wiseler no net duer.

De Claude Wiseler iwwert de Spezialrapport

Fir den Oppositiounspolitiker misst et an der nächster Sëtzung vun der Budgetskontrollkommissioun, an zwou Wochen, zu engem Debriefing kommen. Engersäits sollt een der Regierung da Suggestioune maachen, fir sech ze reorganiséieren, anerersäits awer och eng Analys vun de Responsabilitéiten aus de leschten 10 bis 15 Joer, sou de Claude Wiseler.

Back to Top
CIM LOGO