
Domat ersetzt de Magistrat de Georges Ravarani, deen zanter 2015 zu Stroossbuerg siegéiert huet an aktuell Vize-President vun der Cour ass. De Stéphane Pisani huet eng laang Experienz an der Lëtzebuerger Magistratur, wou hien aktuell Conseiller op der Cour d’Appell ass.
D’Mandat vum neie Lëtzebuerger Vertrieder op der Mënscherechts-Cour zu Stroossbuerg fänkt den 1. Mee un an dauert dann 9 Joer.
Fir dee Poste vum Riichter hat en nationale Selektiounscomité ënnert der Presidence vum Roger Linden, President vun der Cour Supérieure de Justice, dräi Kandidaten zeréckbehalen: dëst waren d’Marie-Jeanne Kappweiler, de Jörg Gerkrath an de Stéphane Pisani.
D’parlamentaresch Assemblée vum Conseil de l’Europe huet lo also gréng Luucht fir de Stéphane Pisani ginn.