Fusiounsgemeng Rouspert-MompechStéphanie Weydert gëtt nei Buergermeeschtesch

RTL Lëtzebuerg
De Gemengerot huet d'Stéphanie Weydert en Donneschdeg dem Grand-Duc fir d'Nominatioun vum fräie Poste proposéiert.
© Archiv

Déi aktuell Schäffen an CSV-Generalsekretärin iwwerhëlt domadder d’Successioun vum Romain Osweiler, deen am Mee aus perséinleche Grënn zréckgetruede war. De Conseiller Tom Leonardy gëtt proposéiert fir de fräie Posten am Schäfferot ze besetzen. De Romain Osweiler bleift esou laang am Amt, bis déi zwee Politiker vereedegt sinn. Dat soll viraussiichtlech bis Uganks September sinn.

PDF: Schreiwes Gemeng Rouspert-Mompech

Back to Top
CIM LOGO