Invité vun der Redaktioun (4. Dezember)Stéphanie Zimmer: "Et gëtt Alternativen zum Glyphosat"

RTL Lëtzebuerg
Invitée e Méindeg de Moien um 10 op 8 war d'Directrice vum Institut fir Biologesch Landwirtschaft an Agrarkultur, IBLA.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Stéphanie Zimmer
Invitée e Méindeg de Moien um 10 op 8 war d'Directrice vum Institut fir Biologesch Landwirtschaft an Agrarkultur, IBLA.

IBLA dat steet fir Institut fir biologesch Landwirtschaft an Agrarkultur an déi IBLA ass elo zanter 10 Joer an der Fuerschung an der Berodung an der Biolandwirtschaft aktiv.

FOTOE vum 10. Anniversaire vum Emile Mentz.Et ginn Alternativen zum Glyphosat, ouni datt d'Felder vun de Baueren am Kraut ënner ginn, dat sot um Méindeg de Moien d'Directrice vun der IBLA Stéphanie Zimmer am RTL-Interview. Den Interessi bei de Bauere, wier an de leschte Joren eropgaangen, sou eis Invitée vun der Redaktioun um Méindeg de Moien. D'IBLA assistéiert d'Baueren zum Beispill fir vu konventionell op Bio ëmzeklammen. Bio bedeit ganz ouni chemesch Substanze wirtschaften. An dat mat Succès, sou d'Stéphanie Zimmer.

Natierlech wier et net einfach, fir e Betrib fir vun haut op muer op de Glyphosat ze verzichten. Do misst de Bauer schonn ëmdenken.

D'Enn vum Herbizid géif awer net vum Himmel gefall kommen, sou d'Directrice vun der IBLA. Am Kontext vun der aktueller Diskussioun huet den Institut fir biologesch Landwirtschaft an Agrarkultur éischt Ufroe vu Bauere fir Berodung kritt.

FOTOE vum 10. Anniversaire vum Emile Mentz.Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO